DéifferdengMotocycliste blesséiert sech bei Course-poursuite mat der Police

RTL Lëtzebuerg
Eng spektakulär Course-poursuite gouf et e Samschdeg de Mëtteg am Süde vum Land tëscht zwee Motocyclisten an der Police.

Der Police waren zu Déifferdeng 2 Cross-Motorrieder opgefall, déi vill ze séier ënnerwee waren, keng Luuchten unhaten a keng Placken haten.

Wéi den 1. Fuerer d'Police gesinn huet, huet e sech Vollgas dovu gemaach, an och de Versuch, dem 2. Fuerer de Wee ze blockéieren, ass net gelongen. D'Police ass de Motocyclisten duerch de Reen bei iwwer 100 Kilometer an der Stonn mat bloe Luuchten a Sireenen nogefuer.

D'Motocyclisten hu sech ënnerwee getrennt an d'Beamte sinn deem 2. nogefuer, dee kräiz a queer duerch den Trafic an iwwert Trottoire gerannt ass. D'Verfolgung goung weider a Richtung Thillebierg, wou de Motocyclist an de Bësch gefuer ass a versicht huet, iwwert e Bamstamm ze sprangen. Hien ass awer mat héijer Vitess an de Bamstamm gerannt an huet sech iwwerschloen. D'Police huet 1. Hëllef geleescht an de Mann koum an d'Escher Spidol. Hie sot, hie wier fortgefuer, well säi Motorrad net ugemellt oder verséchert war an hie kee Führerschäin hätt. Vun deem 2. Motocyclist feelt all Spuer.

Zu Bouneweg gouf dann e Samschdeg den Owend géint 21 Auer e Mann vun 3 Persounen iwwerfall. D'Täter hunn hien an ee Bushaische gezunn an do mat Fäischt an enger Fläsch geschloen. Duerno hu si hien opgefuerdert, seng Wäertsaachen auszehännegen. D'Täter sinn no der Dot mam Mann sengem Portmonni a Richtung Rue du Verger geflücht.

E gewalttätegen Iwwerfall gouf et och op der Gare zu Esch. Hei ass eng Persoun mat engem Messer bedreet a mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloe ginn. Den Täter huet dem Affer d'Suen aus der Täsch geklaut an ass duerno iwwert d'Gare a Richtung Neiduerf fortgelaf.

Back to Top
CIM LOGO