
Éischten Informatiounen no krut e Motocyclist am Agank vun Habscht e Bam ze paken. Hie gouf liicht blesséiert.
De Rettungshelikopter war am Asaz. D'Streck war wärend der Rettungsaktioun fir den Trafic gespaart. Op der Plaz war d'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeë vun Habscht, Käerch a Stengefort.

Zu Colmer-Bierg an der Ettelbrécker Strooss krute sech géint 14.24 Auer 2 Camionen ze paken. 2 Persoune goufen hei liicht blesséiert. D'Ambulanz vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Colmer-Bierg a Schieren ware sur place.
1 liicht Blesséierte gouf et bei engem Autosaccident um CR146 tëscht Greiweldeng a Lenneng um 14.41 Auer. Ëm déi verwonnte Persoun gekëmmert hu sech d'Ambulanz vu Mäertert an d'Réimecher Pompjeeën.
Ee weideren Accident mellt de CGDIS zu Monnerech an der Rue de Limpach, wou 1 Persoun liicht blesséiert gouf.
Kuerz no 14 Auer koum et zu Suessem bei Kronospan zu engem Brand an enger Produktiounshal, et gouf awer kee verwonnt. D'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng. Esch, Diddeleng, Beetebuerg, Käerjeng an aus der Stad Lëtzebuerg goufen op d'Plaz geruff.