EschMotocyclist bei Accident verwonnt, Gefier net korrekt ugemellt

RTL Lëtzebuerg
E Motocyclist ass e Mëttwoch géint 16.40 Auer um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch an e Verkéiersschëld geknuppt an doropshi gefall.
© RTL (Archiv)

Op Grond vu Blessure gouf de Mann an d'Spidol bruecht. Enquêten hunn erginn, datt d'Motorrad weder richteg ugemellt nach verséchert war. D'Motorrad gouf confisquéiert.

Back to Top
CIM LOGO