Den CSV-Deputéierte Paul Galles huet ervirgehuewen, dass sech virun allem Lëtzebuerg, mat senger multikultureller Gesellschaft, éierlech mat dësem Thema befaasse soll. Et sollt een oppassen, dass keng Parallelgesellschaften entstinn.
De Sven Clement vun de Piraten huet och vu strukturellem Rassismus geschwat a betount, dass doduerch och Inegalitéiten an der Gesellschaft entstinn.
Vun der ADR koum dunn awer Géigewand. Et wier een net rassistesch, esou huet de Fernand Kartheiser seng Ried ugefaangen, mä et wéilt een net vu strukturellem Rassismus zu Lëtzebuerg schwätzen. Vill méi wéilt een de Proprietäre vu Wunnraum an de Chefs d’Entreprises de Choix loossen, u wien si lounen oder wien si astelle wëllen. Wann dëse Choix opgrond vun der Hautfaarf, der Hierkonft oder och der Relioun getraff gëtt, da wier dat awer kee fräie Choix, mä géint d’Gesetz, sot d’Justizministesch Sam Tanson. D’Legislatur géing ganz kloer géint Rassismus virgoen.
Fir awer och den Alldagsrassismus ze bekämpfen, hunn d’Deputéiert verschidde Virschléi gemaach.
D‘Motioun vum DP-Deputéierte Max Hahn, an där et ëm d’Ausschaffe vun enger Etüd geet, ass unanim ugeholl ginn. Dës Etüd soll konkret Zuele liwweren, fir de Rassismus zu Lëtzebuerg statistesch z'erfaassen an domadder besser bekämpfen ze kënnen. Déi zweet Motioun vum Sven Clement, déi e Nationalplang géint de Rassismus virgesäit, ass mat 56 jo a 4 nee Stëmmen ugeholl ginn. D’ADR huet sech géint dës Resolutioun ausgeschwat.
D’Resolutioun vum DP-Deputéierte Max Hahn, déi fräiwëlleg Formatioune fir d’Deputéierten an d’Stäerkung vum CET virgesäit, fir de Centre pour l’égalité de traitement méi kënnen anzebannen, wann et ëm d’Froe vun der Chancëgläichheet geet, goufen och mat 56 jo a 4 nee Stëmmen ugeholl.