EnquêteMosleme fille sech gutt integréiert, 60% schwätzen awer vun Islamophobie

RTL Lëtzebuerg
D'Mosleme fille sech allgemeng gutt integréiert zu Lëtzebuerg. 60 Prozent soen awer, datt et och hei am Land Islamophobie gëtt.
Islamophobie
D'Mosleme fille sech allgemeng gutt integréiert zu Lëtzebuerg. 60 Prozent soen awer, datt et och hei am Land Islamophobie gëtt.

Eng Zort Rassismus speziell géint si. Dat ass d'Resultat vun enger Enquête vum Observatoire fir Islamophobie. Eng Asbl, déi 2016 gegrënnt gouf an déi den interkulturellen Dialog zu Lëtzebuerg wëll stäerken.

20.000 Mosleme ginn et zu Lëtzebuerg, se fille sech also en gros gutt integréiert, besser op alle Fall wéi an den Nopeschlänner. Den Yves Boden ass President vum Observatoire fir Islamophobie: D'Mosleme sinn zefridden hei, awer och zu Lëtzebuerg géif et Islamophobie ginn, also Virurteeler a Feindséilegkeet géintiwwer dem Islam.

De Lahcen Abarri, Responsabel "Pôle recherche et psychologie", seet, datt et virun allem am Job wär, de Medien, den ëffentleche Plazen, wou Islamophobie festgestallt gouf, mä och an an der Politik. Verschidden Deputéiert géife probéieren, d'Präsenz vum Islam zu Lëtzebuerg ze stigmatiséieren, mat parlamentareschen Ufroe geziilt iwwert Moslemen.

340 Moslemen - dovunner bal d'Hallschent mat Lëtzebuerger Nationalitéit, hu bei der Ëmfro matgemaach. 57,4 Prozent Männer, 24,6 Prozent Fraen - vun deenen 13 Prozent mat Hijab an 1,5 Prozent mat Niqab, also der Vollverschleierung. Där ginn et iwwregens just 15 hei am Land.

Den Observatoire fir Islamophobie ass eng Asbl, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt. De Rapport war hir éischt grouss Aarbecht. Bis elo gëtt den Observatoire net vum Staat ënnerstëtzt.

PDF Rapport Islamophobie 2018

Back to Top
CIM LOGO