D'Feier war an engem Appartement ausgebrach. Dem CGDIS no, gouf keen heibäi blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad goufen an den Asaz geruff.
Ee Blesséierte gouf et e Mëttwoch de Moie fréi géint 5 Auer bei engem Accident um Pont Adolphe, wou zwee Ween net laanschtenee komm waren. Ee Auto gouf widder eng provisoresch Leitplank geschleidert. D'Fra am Won gouf ageklemmt an huet misse vun de Rettungsekippe befreit ginn. Si koum fir eng Kontroll an d'Spidol. De Chauffer aus deem aneren Auto gouf net verwonnt.
Zwou Ambulanzen an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Den Accès fir bei de Pont Adolphe war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart.