No iwwer 30 Joer ass SchlussMiwwel ROLLER mécht bis Enn vum Joer seng Butteker zu Stroossen an op der Wemperhaart zou

Joel Detaille
Andy Brücker
Duerch de geplangte Verlaf vum Tram op der Areler Strooss muss zu Stroossen de Standuert ofgerappt ginn.
© Domingos Oliveira

D’Miwwelhaus ROLLER zitt sech offiziell vum Lëtzebuerger Marché zeréck. No der Fermeture vun hirem Buttek zu Féiz, wäerten och déi zu Stroossen an op der Wemperhaart zoumaachen. Sou steet et an engem Communiqué vun Enn Mäerz.

Bis Enn vum Joer bleiwe béid Sitten nach op. Dono ass no iwwer 30 Joer Schluss.

Opgrond vum geplangten Tracé vum Tram op der Areler Strooss, wäert hire Standuert do mussen ofgerappt ginn. Aarbechten, déi am Fréijoer d’nächst Joer wäerten ufänken. De Buttek op der Wemperhaart wier dono eleng net méi viabel, ass am Schreiwes ze liesen.

Hei um Plang gesäit een, dass den Tracé vum Tram queesch iwwert den Terrain geet, wou elo och de Roller doheem ass.
Hei um Plang gesäit een, dass den Tracé vum Tram queesch iwwert den Terrain geet, wou elo och de Roller doheem ass.
© Luxtram

Mat de Mataarbechter wéilt ee responsabel ëmgoen, an hinnen eng gutt Iwwergangsléisung erméiglechen.

Schonn op Enn d’lescht Joer hat de Bâtiself op der selwechter Plaz seng Dieren zougemaach, dat och wéinst dem geplangten Tram-Tracé.

Back to Top
CIM LOGO