Mëssbrauch bannent der kathoulescher Kierch“Mir wëllen Transparenz”

Pierre Weimerskirch
Am Joer 2010 huet d'kathoulesch Kierch eng Ulafstell geschaaft fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch bannent der Kierch.
Mëssbrauch bannent der kathoulescher Kierch
Am Joer 2010 huet d'kathoulesch Kierch eng Ulafstell geschaaft fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch bannent der Kierch.

Am Ufank hätte sech ganz vill Leit gemellt, dat hätt awer an de Joren ofgeholl, esou de Generalvikar Patrick Muller am RTL-Interview.

Aus dem aktuelle Rapport vum Bistum geet ervir, datt sech am Joer 2020 zwou Persoune gemellt hunn, ausserdeem dierf och ee Geeschtlechen an der Ëffentlechkeet d'Priestertum net méi ausüben an och kee Kontakt méi mat Kanner hunn.

Am Laf vum Joer 2020 hu sech zwee Männer bei der Mëssbrauchshotline vun der kathoulescher Kierch gemellt, well se an de 60er Joren Affer vu sexueller Gewalt goufen.

Wei de Bistum a sengem Communiqué geschriwwen huet, dierf ee Geeschtleche säi Priestertum net méi an der Ëffentlechkeet ausféieren. Den zivilrechtleche Volet vun dëser Affär wier an de leschte Joren ofgeschloss ginn. Elo hätt een och de kierchleche Prozess ofgeschloss, esou de Generalvikar Patrick Müller. Ëm wéi ee Geeschtlechen et sech handelt, huet de Bistum net kommunizéiert.

RTL-Informatiounen no handelt et sech em en fréiere Paschtouer vum Belair, deen och viru Gericht verurteelt gouf. Den deemools 52 Joer ale Mann huet am Joer 2008 op enger Pilgerrees op Taizé en deemools 14 Joer ale Jong violéiert.

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich hätt ausserdeem ordonéiert, dat de fréiere Paschtouer kee Kontakt méi zu Kanner dierft hunn.

Kontakt mat RTL kann een iwwer Mail op dossier@rtl.lu hirstellen.

Kloertext: De Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch
Sexuelle Mëssbrauch a kathoulescher Kierch

Back to Top
CIM LOGO