
De Patron vun engem Familljen- Installateursbetrib mat ronn 300 Mataarbechter freet sech op säin neien Challenge op dësem politesche Posten, och a schwieregen Zäiten.
Grad elo wier et vläicht gutt, datt eng Persoun mat sengem Background de Patron vun de Patrone gëtt, mengt de Successeur vum Nicolas Buck.
"Deen eng Vue huet op eng Traditioun vun engem Betrib. Deen och eng Vue à long terme huet an net de kuerze Benefice nëmme gesäit, mä säi Betrib wëll weider ginn un déi nächst Generatiounen. Dat ass, mengen ech, ee politesch Message, dee ganz gutt geet an der haiteger Zäit."
D'Theme fir d'UEL an d'Sozialpartner d'nächst Joer bleiwen dem Michel Reckinger no d'Aarbechtsrecht, d'Santé an d'Fiscalitéit. Donieft wëll hie selwer verstäerkt de Logement, de Klimawiessel an d'Formatioun op d'Agenda setzen.
Huet d'Pandemie e laangfristegt Ëmdenke bruecht, eis Aart a Weis, fir ze schaffen an ze consomméieren, geännert?
"An deem grousse Ganze fäerten ech net. Ech wier och frou, wa sech verschidde Saache géifen änneren. Am Detail hoffen ech et dann. Ech hoffen, datt d'Leit verstanen hunn, datt de Commerce de proximité wichteg ass. Datt se net dem Bezos mussen op Amazon Suen nogeheien, mä datt een och zu Lëtzebuerg kann online kafen, wann ee wëll kafen. Respektiv et geet ee bei säi Buttek. Datt een net muss de Bifdeck aus Argentinien komme loossen, well soss gi mer awer - mir hu virdru vum Klimawandel geschwat - a ganz problematesch Zäiten."
Eppes op wat den UEL-Chef och hofft a sech wënscht, ass méi e grousse Respekt fir d'Lëtzebuerger Bankeplaz, där d'Lëtzebuerger vill ze verdanken hätten.
"D'Banke bezuelen eis Steieren. D'Banke sinn déi, déi eist Land droen. Duerfir kënne mir eng Fonction publique bezuelen. Duerfir kënne mir eis Santé bezuelen an alles dat bezuelen, wat mer am noen Ausland net hunn."
Amplaz Jalousiesdiskussiounen ze féieren a Räichesteieren an d'Spill ze bréngen, ouni dat grousst Ganzt ze gesinn, sou de Michel Reckinger, deen och an dëse schwéieren Zäiten ouni ze zécke jidderengem recommandéiert, sech ze trauen a sech selbstänneg ze maachen.
"Ech mengen, datt ech dee schéinste Beruff hunn, deen ee sech virstelle kann. An obwuel ech als Independant gesinn hunn, datt d'Reconnaissance politique net do ass, wéi séier se verluer geet. An alles dacks nëmme waarm Wierder waren, déi mer do kruten, ass et awer schéi sech ze soen, dat doten ass fir mech. Ech maachen dat fir meng Famill, fir mäi Betrib an ech maachen et gären. An dat ass dat Schéinste wat ech a mengem Liewe ka maachen. Dat ass mäin Hobby."
De Michel Reckinger seet sech prett, fir d'UEL-Presidence och iwwert dat heite Mandat eraus z'erfëllen. Säi Posten un der Spëtzt vun der Handwierkerfederatioun gëtt de geléierten Ingenieur am Laf vum Joer op.
