Et wier kloer, datt een an der Europäescher Unioun nees eng méi staark Wirtschaft géing brauchen, sou d’Martine Kemp. Et bréicht een och nees méi Industrie, fir méi an nei Aarbechtsplazen ze schafen. An esou kéint een et dann och packen, fir géint d’Inflatioun unzekämpfen.
Der Martine Kemp no wier d’CSV eng Partei, déi ëmmer oppe vis-à-vis vun Technologië wier a géing sech och kenger verschléissen. Et wier ee sech bewosst, datt ee vill an nei Energië misst investéieren, ma dat kéint net déi eenzeg Pist sinn an dowéinst dierft ee sech der Atomenergie net verschléissen. Et wier ee sech iwwert de méiglechen negativen Impakt vun der Atomenergie am Kloren, mä um Enn misst d’Rechnung gemaach ginn. An do misst ee sech da froen, wëlle mir déi Atomkraaft, brauche mir se wierklech oder kënne mir drop verzichten a ganz op erneierbar Energië setzen, sou nach d’Martine Kemp.
Hei war et d’Äntwert vun der Martine Kemp, datt d’EVP net fir de Verbrennerverbuet gewiescht wier. De Verbuet misst an den nächste Joren nach eng Kéier reviséiert an diskutéiert ginn. Wéinst der Technologie-Oppenheet vun der Partei wéilt een esou e kloert Verbuet net ausschwätzen.
Fir d’CSV wier eng Zesummenaarbecht mat den europäeschen Konservative keng Optioun, sou d’Martine Kemp.
D’Ursula von der Leyen hätt ganz kloer gesot, datt een net géing mat Parteien zesummeschaffen, déi net pro-europäesch a pro-demokratesch wieren, de Rechtsstaat net géinge respektéieren an déi och net pro Ukrain wieren. Domadder wiere Krittäre ginn, déi eng Kooperatioun mat der EKR géinge schwéier maachen, sou nach d’Martine Kemp am Interview.