
Dat mellt den Essentiel e Freideg de Moien. D'Zeitung krut och vum Parquet confirméiert, datt et Ermëttlungen an deem Sënn gëtt.
De Schued gëtt op 650.000 bis 1 Millioun Euro geschat.
Magasinieren hätte wärend Méint ënner anerem elektronesch Apparater geklaut an hätte mat enger Rei Tricke geschafft.
6 Leit wiere schonn am Oktober verhaft ginn, heescht et weider. Betraff si Clienten aus dem Grand-Duché an aus der belscher Province de Luxembourg.