PoliceMat geklautem Motorrad aus der Belsch eriwwer op Rodange geflücht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend hat d'Police vun Arel gemellt, dass e Motorradschauffer sech bei enger Kontroll dovu gemaach huet an op Rodange geflücht ass.

Et souzen 2 Persounen um Motorrad. Déi zwee haten d'Gefier zu Rodange an der Rue de Luxembourg am Gestrëpp verstoppt a probéiert sech ze Fouss duerch d'Bascht ze maachen. De Chauffer konnt awer kuerz drop ermëttelt ginn. Et huet sech erausgestallt, dass d'Motorrad geklaut war.

Back to Top
CIM LOGO