2.700 Hektar grouss ass se, besteet aus 7 Dierfer an huet 1.100 Awunner. Biwels ass ee vun dësen Dierfer.
Hei geet et naturno, ëffentlech Gréngflächen unzeleeën. Dräi sinn der elo mol an der Gemeng Pëtschent virgesinn.
Op den Insekte baut déi ganz Biodiversitéit op. Si stellen iwwer 50 Prozent vun all de Liewewiesen op der Welt duer. Hei schwätzt ee vun Beien, Päiperleken an e.a. Kiewerleken.
Net nëmmen d'Gemengen oder de Staat solle mat hiren ëffentleche Gréngflächen un der Biodiversitéit deelhuelen. Och bei der S.E.O., dem Elektrizitéitswierk vun der Our, setzt ee sech fir d'Biodiversitéit an.
Virun der Entrée vun der S.E.O. ass eng Ëmgestaltung vun enger Gréngfläch amgaangen. Hei spillt de Schifer eng wichteg Roll.
Dëse Projet finanzéiert sech iwwer den Ëmweltfong vum Ëmweltministère.
