D’Aarbechtskonditioune misste verbessert ginn, esou de Pitt Bach, Zentralsekretär vum Syndikat Gesondheet a Sozialwiese vum OGBL op enger Pressekonferenz.
Et géif ee grad an dësen Zäite gesinn, datt et um Terrain ee Personalmanktem gëtt, dat heescht datt ee scho virdrunner op der Felg gedréint huet, an elo d’Situatioun mat der Corona-Kris sech zougespëtzt huet. Firwat soss misst ee pensionéiert Leit, déi emol an de Gesondheetsberuffer geschafft hunn, a Studente mobiliséieren? Den OGBL wëll dann och, datt d’Dotatiounen iwwerschafft ginn: am Spidolswiese musse Standard-Dotatiounen agefouert ginn, an der Assurance-Dependance mussen se iwwerschafft a nei berechent ginn. Déi Dotatioune misste sech un de Facteuren d’Zuel u Better an d’Qualifikatiounen orientéieren.
Och d’Ausbildung vun de Leit misst internationale Standarden ugepasst ginn, zum Beispill ee Bachelor a Master fir déi Infirmieren an och déi déi spezialiséiert sinn, agefouert ginn. Och déi aner Beruffer misste revaloriséiert ginn, den Accès op d’Ausbildung vereinfacht a méi attraktiv gemaach ginn.
Pitt Bach, Zentralsekretär vum Sydikat Gesondheet a Sozialwiesen vum OGBL:"An doduercher géif och d'Qualitéit vun der Ausbildung eropgoen. Et ass an deem Sënn gemengt, datt een den Accès méi breet mécht fir Leit, déi sech méi spéit decidéieren, esou ee Beruff ze léieren. An d'Attraktivitéit doduercher eropsetzt, an deem ee seet, datt een et opwäert, an ee Bachelorstudium draus mécht. Eng Persoun no der Première, déi sech d'Fro stellt, wat wëll se studéieren, déi net éischter un ee Gesondheetsberuff geduecht huet, hätt Accès op déi Ausbildung, déi da just Couren beinhalt, déi axéiert sinn op eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung an engem Gesondheetsberuff."
Den OGBL schwätzt sech och fir een eenheetleche Kollektivvertrag fir de gesamte Fleege-, Gesondheets- a Sozialsecteur aus. Fir jidder’een missten déi nämmlecht Konditioune gëllen, déi sech un den ieweschte Modalitéiten orientéieren, egal ob eng Persoun an der Klinik oder am Altersheem schafft.
D’Primm soll iwwregens net just fir déi Leit sinn déi am direkte Kontakt mat de Patiente stinn, mee och fir dat administratiivt Personal oder Botzpersonal. Leit, op déi et de Moment ukënnt, fir duerch dës Kris ze kommen, esou den OGBL.
