Schonn eleng den Alldag ka fir eng Persoun aus dem Autismus-Spektrum eng grouss Erausfuerderung sinn. Hir Sënner si ganz dacks hypersensibel.
D’Marielle Rollmann, Asperger-Autistin erkläert, dass “d‘Reizer, ongefiltert an hiert Gehéier kommen. Dat heescht, déi Saachen, déi elo net wichteg sinn, déi Geräischer, soen ech mol, déi net wichteg sinn, déi gi beim Neurotypeschen eeben automatesch ausgeschalt. Dat kritt een dann net mat. A bei eis ass dat net de Fall”.
Schonn an hirer Kandheet huet d’Marielle Rollmann sech um Bord vun der Gesellschaft gefillt a hat grouss Problemer, hir Plaz ze fannen. Et feelt dacks u Verständnes fir dat stereotyp Verhalensweis vun engem Autist. Dat och well Diagnose eréischt ganz spéit kënnt.
“Jo, et huet natierlech keen, sief dat meng Elteren meng Famill am Allgemengen, ni verstan, firwat ech ëmmer aneschters sinn. Ech natierlech och net. An, jo, do krut ech da mat 34 Joer d’ Diagnos an do war d’ Welt e bësse fir mech besser.”
Autismus ass keng Krankheet, mee gëllt als Entwécklungsstéierung a begleet betraffe Leit e Liewe laang. Associatioune wéi d’Fondatioun Autismus, mee och d’Autismus asbl, bidde souwuel de Leit selwer, mee och hire Familljen eng Prise en charge. Trotzdeem kënnt Diagnos dacks ze spéit.
“Dat ass awer a sech ganz wichteg, well wa mer elo vun enger Prevalenz vun engem Prozent ausginn, dat mécht zu Lëtzebuerg ongeféier 6 .000 bis 7.000 concernéiert Leit aus. D’lescht Joer hu mer dann 147 Fäll traitéiert, vun 433 Demanden. Do läit de Problem. Dossieren, déi bleiwen da leien an déi accumuléiere sech dann an elo hu mer eng Waardezäit vu fënnef Joer”, sou de Carlo Klein, Trésorier vun der Fondation Autisme Luxembourg.
D’Marielle Rollmann wëll hëllefen. Aus hiren Erfarungen, déi si am Ufank fir d’Therapie gemaach huet, huet si e Buch geschriwwen. Och wann all Persoun aus dem Spektrum anescht ass, wier et einfach wichteg ze wëssen, dass een net eleng ass. Dofir bleift d’Opklärungsaarbecht immens wichteg.
“Du dach net, du gesäis net aus wéi en Autist. Et sinn immens vill Spréch komm an dat huet zimmlech wéi gedoen, well et ass einfach eng Realitéit an ech sinn net eescht geholl ginn, bezéiungsweis et ass net respektéiert oder akzeptéiert.”
Dofir wëll d’Marielle Rollmann Deel vun der Léisung sinn. Si ass Ausbilderin fir Assistenzhënn. De schwaarze Lex, hei nieft dem wäisse Mischa ass hiren Therapiehond, dee si schonn zanter 8 Joer huet.