Eng Majoritéit vun de Leit ass haut vun der Wunnengsproblematik betraff, sief et als Locataire oder als Proprietär. D'Passivitéit vun der Regierung an d'Ineffikassitéit vun den aktuelle Gesetzer wiere Schold un dëser onméiglecher Entwécklung, och de Pacte Logement géing net wäit genuch goen, fannen déi Lénk, déi e Méindeg de Bilan vum parlamentaresche Joer gezunn hunn.
„Et ass eng Kris, et ass eng Urgence an all Mount, dee mir elo de Moment ofwaarden, ass d'Zäit verspillt, an et gëtt ëmmer méi schlëmm fir d'Leit. Mir si jo an enger Situatioun, wou een net ka soen, ech spueren ee Joer an da kann ech mir eppes leeschten. Mir sinn an enger Situatioun, wou een all Joers spuert, een, deen den Zuch ëmmer méi verpasst, a wou een den Uschloss an dëser Gesellschaft verpasst a fir seng Zukunft verpasst", ënnersträicht de Gary Diederich vun déi Lénk.
De fréiere Centre d'intégration scolaire zu Zéisseng wier e Symbol fir de Logementsproblem. 6 Joer ass et hier, datt d'Gebai vum Olos-Fong opkaaft gouf. Zanterhier huet sech näischt gedoen. Et ass just ee vu ville Gebaier déi kaf an da stoe gelooss ginn, wat a wéini eppes domat geschitt, steet dacks an de Stären. Ass dat déi richteg Approche, fir der Wunnengsnout entgéint ze wierken, froen déi Lénk. Vill Proprietäre wiere sech der Wunnengsnout net bewosst, sou de Gary Diederich.
„Alles, wat mir de Moment net brauchen a wat d'Leit net kënnen hunn an där dote Kris an där doten Urgence, ass ebe Gedold. Et brauch elo Mesuren, déi elo decidéiert ginn an ebe konsequent ëmgesat ginn."
D'Leit géingen d'Hoffnung an de Glawen, dass nach eppes géing geschéien, sou lues verléieren. Vill Studente wëssen no hirem Studium net, ob se sech zu Lëtzebuerg eng Wunneng kënne leeschten. Vill Bierger ginn dowéinst op déi aner Säit vun der Grenz no abordabele Logementer kucken. Leit, déi eng Sozialwunneng sichen, si mat am meeschte betraff. Op 100 Wunnenge sinn hei am Land just 2 Sozialwunnengen. A Groussbritannien sinn et 20%, zu Wien ganzer 62%.
„Wat Logementskris ubelaangt, si mir souguer längst an der Mëttelschicht ukomm. Handwierker mat festen Aarbechtsverträg kréie keng abordabel Wunneng méi. Och jonk Beruffsufänger, egal wat fir eng Ausbildung se hunn, och déi, wou vun der Uni kommen, hu Schwieregkeeten, sech selbststänneg ze maachen, well alles ze deier ass", seet d'Nathalie Reuland.
Mat der Initiativ #brauchengWunneng wëllen déi Lénk op de Problem opmierksam maachen. Virop ginn déi Lénk op d'Rechter an de Schutz vun de Locatairen an. Dacks wieren dës net genuch iwwer hir Rechter opgekläert oder se hätten Angscht, se z'applizéieren. Déi Lénk ginn an deem Sënn eng Infobroschür eraus. Mat engem QR-Code kann een hei op déi zoustänneg Internetsitte weidergeleet ginn.
„Dat éischt ass d'Loyere limitéieren, ze kucken, dass Loyeren net weider explodéieren an déi Leit, déi sech net kënne leeschten eppes ze kafen, op d'mannst bezuelbar locatif kënne wunnen. Den zweete Volet ass d'Gemengen an d'Verantwortung ze huelen. Et muss eng responsabilité legale communale de logement ginn. An da schlussendlech dat ass de Lehrstand besteieren", betount de Gary Diederich.
D'Wunnrecht wier ee Grondrecht. Virop gëtt de Rôle vun de Gemengen an de Virdergrond gesat. Se hätten d'Méiglechkeet eppes ze maachen, géingen awer net matzéien. Am Contraire, se géingen en faveur vun de Proprietären handelen, sou de Guy Foetz, Stater Gemengeconseiller vun déi Lénk.