D‘Deputéiert vun der zoustänneger Kommissioun kruten de Plang e Mëttwoch de Moie vun der Ministesch Yuriko Backes an dem Direkter vum Operateur Luxairport Alexander Flassak presentéiert.
Déi aktuell Infrastrukture vum Luxairport ginn net duer, fir déi Quantitéite Meeschter ze ginn. En éischten Ausbau betrëfft den Terminal A, vu vir gesinn no lénks. 2028 gëtt et hei eng zentral a modern Sécherheetskontroll. Mat der Extensioun soll och schonn den Check-In an den Drop-Off vun de Bagagë verbessert ginn. An enger nächster Etapp bis 2032 soll dann de ganz neie System fir den Handling vum Gepäck installéiert ginn.
Och den Terminal B riets gëtt vergréissert bis 2028. Et si sechs nei Gatë virgesinn, fir den Terminal A ze entlaaschten. Aner Servicer ginn an de Skypark, dat grousst Gebai riets nieft dem Fluchhafen, ausgelagert. De Findel soll en neien hybride Kontroll-Tower kréien, dee klassesch an digital Aviatioun vereent.
Ganz wichteg fir d‘Ministesch Yuriko Backes ass den neie Stockage fir Kerosin, deen 2028 den Approvisionnement vu Sprit soll garantéieren. Sechs nei Reservoiren hunn dann eng Kapazitéit vun 30.000 Kubikmeter. Dës Tanke wären essenziell fir d‘Resilienz vum Land, esou d‘Yuriko Backes.
Zum Ausbau vum Findel gehéiert och d‘Moderniséierung vum Salon d‘honneur an dem Business Zenter. De ganzen Ausbau bis 2032 wäert eng Milliard Euro kaschten. De Staat leet 200 Milliounen Euro bäi, d‘Firma Luxairport investéiert 800 Milliounen Euro.
An der Chamberkommissioun Transport an Infrastruktur sollt et och ëm de séieren Tram goen. Aus Zäitgrënn goufe Presentatioun an Diskussioun op e spéidere Rendez-vous reportéiert.