Masken-Diskussioun a Schoul zu MierschMaskeflicht gëllt vum Cycle 2 un, sou Educatiounsministère

Claudia Kollwelter
Just beim Sport a fir z'iessen dierfen d'Kanner de Mask an der Schoul ausdoen.

Maskeflicht an der Schoul - Reportage Claudia Kollwelter

D'allgemeng Maskeflicht an de Schoule gëllt vum Cycle 2 an net vu 6 Joer un. Dat huet den Educatiounsministère op Nofro hi präziséiert. Eng entspriechend Circulaire wier och erausgaangen. Iwwert d'Masken an de Schoulen, d'Tester an och Schülertransport goufen et e Freideg de Moien am "Dir hutt Wuert" bei eis op der Antenne Kritik, Suergen a Froen, ob déi den Educatiounsministère e Freideg de Mëtteg geäntwert huet.

Datt d'Droe vun der Mask den Oflaf vun der Schoul stéiere géif, wier ee sech bewosst huet de Lex Folscheid betount. Mee et wier ee sech och bewosst, datt et awer eng Mesure wier, déi et erlabe géif, d'Schoulen op ze halen: "Déi Maskeflicht ass net eise Choix, ass net wat mer eis wënschen oder wëllen, an an deem Sënn ass et dat noutwenneg Iwwel, wat mer musse maachen, fir d'Ausbreedung vum Virus esou wäit wéi méiglech anzedämmen an e Fonctionnement vun der Schoul kënnen ze erméiglechen, en présentiel."

Just beim Sport a fir z'iessen dierfen d'Kanner de Mask an der Schoul ausdoen. En anere Punkt dann, dee bei Ville fir Onversteesdemech suergt, ass dee vum Schülertransport. De Lex Folscheid ënnersträicht, datt et keng Indice ginn, fir grouss Infektiounsketten am ëffentlechen Transport. D'Kapazitéite vun de Busser wieren donieft nu mol limitéiert, mee duerch den A/B-System op den ieweschte Klassen hätt ee schonn eng Entlaaschtung: "Dat, wat mir héieren, ass, datt doduerch eng gewëssen Entspanung erbäigefouert ginn ass. An ech denke mer, datt dat ass, wat mer kënne maachen. Fir de Recht kréie mir d'Rad net erfonnt an och net zousätzlech Kapazitéiten aus dem Stee geschloen. Mir mussen eis do der Decken no strécken."

Wat d'Tester ugeet krut d'Léierpersonal eng Invitatioun fir de Large-Scale. D'Schüler allerdéngs sollen no der Vakanz just do getest ginn, wou et méi positiv Fäll goufen. Do wäerten dann och déi mobil Ekippe vum Ministère ënnerwee sinn. An den nächste Woche sollen dann och d'Schnelltester an den Asaz kommen: "Do wëlle mer all Woch nach emol en Deel vun enger Klass iwwer Schnelltester systematesch testen, fir ze gesinn, ob mer enzwousch e Positiven hunn a wann mer dat feststellen, kann dléi ganz Klass oder Schoul getest ginn."

E Sonndeg gëtt d'Zort vum Schnelltest erausgesicht an da bestallt, huet de Lex Folscheid vum Educatiounsministère nach präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO