“Et ass wichteg, datt ech de Bols vum Terrain héieren, fir mat de Leit Politik ze maachen”, sot e Mëttwoch de Moien d’Ministesch Martine Hansen. Si ass zanter dem 11. Dezember nieft der Landwirtschaft an dem Konsumenteschutz och zoustänneg fir de Sport.
Den neie Sportskommissär soll d’Beweegung an der Populatioun fërderen
Si géif hiert Bescht maachen, fir esou séier wéi méiglech alles kennen ze léieren. Si hätt schonn de COSL an eng ganz Partie Federatioune gesinn. Vum breede Sport bis hin zum Leeschtungssport wier et e grousse Ressort. Dowéinst hätt si fir eng besser Koordinatioun och nees e Sportskommissär genannt. Mëtt Abrëll wäert den Yves Picard déi Fonctioun iwwerhuelen. Hien ass Sportsproff a President vun der Associatioun vun de Sportsproffen. Hie soll de breede Sport, also d’Beweegung an der Populatioun fërderen, dat wär jo och ganz wichteg fir d’Gesondheet.
“De Sport steet fir Wäerter”
De Sport steet fir Wäerter an et muss ee kucken, datt déi Wäerter och héich gehale ginn, huet d’Martine Hansen ënnerstrach. An deem Sënn begréisst si, datt bei der FLF séier gehandelt gouf, no de Reprochë géint den Dammen-Nationaltrainer Dan Santos. Zu de Fakte selwer kéint si näischt soen, well déi géif si net kennen. Dat wär och d’Autonomie vun der Federatioun. D’’Sécherheet vun de Spillerinne misst am Vierdergrond stoen.
An deem Sënn wäert d’Agence fir d’Integritéit am Sport am Abrëll ulafen. Dat ass eng zentral Ulafstell fir de sougenannte “Safeguarding”, wou ee juristesch oder och psychologesch ka gehollef kréien. D’Rout Léiwinnen hätte sech hei zum Beispill kënne mellen. All d’Sportler a Sportlerinnen, och Trainer oder soss Member vun engem Veräin, kéinte sech hei mellen, wann eppes schif leeft. Déi nei national Ethikkommissioun, déi onofhängeg schafft, ka fir en Avis gefrot ginn oder sech autosaiséieren a géif dann eng Recommandatioun maachen. Déi wär zum Beispill zejoert am Fall Gerson Rodrigues an den Asaz komm, mä ass net nëmme fir de Futtball zoustänneg, mä fir de ganze Sport.
Wat den Dossier vum Sportmusée ugeet, dee jo am Koalitiounsaccord steet, wier nach net kloer, ob dëse gebaut gëtt. Et wär een Detailer vun der Chamber gefrot ginn. Et géif een dat Ganzt och juristesch analyséiere loossen. Do hätt een nach keng Äntwert kritt. Wann dat alles ofgeschloss wär, géif een decidéieren, ob de Sportmusée gebaut gëtt oder net. Et wier keng Prioritéit fir si, huet d’Martine Hansen gemengt, mä d’Regierung géif dat decidéieren. D’Gesetz fir d’Subside fir d’Sportsveräiner soll iwwerdeems ugepasst ginn. En entspriechende Gesetzprojet gëtt am Laf vum Fréijoer deposéiert.
D’Martine Hansen ass och zoustänneg fir d’Landwirtschaft. D’Bauere sinn den Ament mat héije Präisser vum Dünger wéinst dem Irankrich geplot. Do misst een elo kucken, wéi et weidergeet. De mineraleschen Dünger géif fir e Betrib 3 Prozent vun de Käschten ausmaachen. Bei engem rengen Ackerbaubetrib 6 bis 7 Prozent. Gutt wär, datt 70 Prozent vum Dünger, deen elo gebraucht gëtt, scho kaf gi wär.
D’Bauere si ganz frou mat hirer Ministesch Martine Hansen, huet ee en Dënschdeg nach op der Generalversammlung vun der Bauerenzentral héieren. Mä manner mam Ëmweltministère, deen hätt nach ëmmer de Ruff vum “Verhënnerungsministère”. D’Martine Hansen huet betount, datt déi zwee Ministèrë ganz vill matenee schwätzen a schaffen. Do wären heiansdo Konfrontatiounen, well Ziler anerer sinn. D’Landwirtschaft géif Buedem brauchen an dat misst een nach méi an de Fokus setzen. Am Juni wär och nees e Landwirtschaftsdësch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.