
D'Saison vun de Klappjuegten op Hirsch, Réi a Wëllschwäin steet virun der Dier. Vum 17. Oktober bis den 31. Januar gëtt nees a ville Bëscher am Land gejot. Fir de Marc Reiter, Vizepresident vun der Jeeërfederatioun, sinn déi ëmstridde Dreif- oder Beweegungsjuegten néideg, fir d'Wëldbestänn ze reguléieren an déi virgeschriwwen Ofschoss-Zuelen ze erreechen. Gläichzäiteg géing een domat d'Natur dobausse just eng kuerz Zäit laang stéieren.
Bei traditionelle Juegdforme géif méi selektiv gejot ginn an et kéinten nëmme relativ wéineg Déiere geschoss ginn.
D'Sécherheet ronderëm d'Klappjuegte bleift e wichtegt Thema. D'Jeeër si verflicht, d'Juegten ze signaliséieren. Eng national Sensibiliséierungscampagne soll Mëtt Oktober nees ulafen. Et wier ee frou, dass een do d'Ënnerstëtzung vun der Regierung hätt: "Mir hu mëttlerweil eng Permission de voirie générale fir d'ganzt Land, sou datt eis Leit net méi mussen eenzel d'Schëlter ufroen, mee datt d'Schëlter kënnen am Prinzip am ganze Land gesat ginn, [...] ouni datt fir all eenzel Plaz eng separat Demande muss gemaach ginn." Dat wier net, well d'Jeeër Schëlder-Fetischiste sinn, mee "fir eis Leit ze protegéieren, fir eis Hënn ze protegéieren, mee och fir d'Leit selwer, well wann d'Wëld wiesselt, ass dat e Geforepunkt." Dofir appelléiert de Marc Reiter och virun allem u Chaufferen, op de betraffene Strecke méi lues ze fueren. Wëld kéint wärend enger Juegd op d'Strooss lafen, sou datt eng méi niddreg Vitess d'Reaktiounszäit verbessert. Och Spadséiergänger a Cycliste sollten d'Signalisatioun respektéieren an am Zweiwelsfall op en anere Bësch auswäichen. D'Klappjuegte géifen och um Geoportail annoncéiert ginn.
Besonnesch am Éislek wier den Ament e staarke Wëld-Drock ze spieren. "Ech héieren dat och vun eise Leit am Norden, datt effektiv méi Wëld de Moment do ass. Dat kann awer och gefillt sinn." Eng Analys um Fong gëtt et net, mee et kéint awer definitiv mam grousse Feier am Héije Venn am Summer ze dinn hunn, sou de Marc Reiter. Donieft géifen et an der belscher Noperschaft mëttlerweil zwee Ruddele Wëllef ginn, déi och e gewëssenen Drock op d'Wëld ausüben. Wann Déieren duerch Bränn oder aner Facteure verdriwwe ginn, géif awer e gudden Deel dovunner nees an déi ursprénglech Gebidder zeréckgoen, soubal sech d'Natur do regeneréiert huet. Dat hänkt awer och vun der Wëld-Aart of. Op alle Fall missten d'Lëtzebuerger Jeeër hir Missioun erfëllen, "dofir ze suergen, fir d'Wëld ze reegelen, fir eeben och en zukunftsträchtege Bësch héich ze kréien."
De Marc Reiter gesäit eng dauerhaft Usiidlung vum Wollef zu Lëtzebuerg net negativ. "Ech mengen, mir waren déi vun där éischter Stonn, déi beim Wollefsmanagementplang matgemaach hunn an och nach matmaachen." De Wollef wier e Predateur, deen an d'Natur gehéiert. "Natierlech gëtt et Problemer. Eis Landwirtschaft wäert e bësse Problemer kréien. Déi Leit, déi Päerd hunn, wäerte Problemer kréien. Mee da muss een och probéieren, dorop ze reagéieren."
Entscheedend wier awer, transparent iwwer seng Presenz an eventuell Problemer ze kommunizéieren an déi betraffe Leit matzehuelen. Fir d'Jeeër selwer kéint de Wollef besonnesch bei Beweegungsjuegten e Problem ginn, well en d'Juegdhënn als Konkurrente kéint gesinn. Do kéint een awer op Erfarungen aus dem Ausland zeréckgräifen.
Den dréchenen a waarme Summer kéint d'Wëld zousätzlech belaascht hunn, erkläert de Marc Reiter. Et wier ze gesinn, datt den Nowuess deelweis manner staark entwéckelt wier wéi an de Jore virdrun. Wann d’Mammendéieren duerch d'Dréchent Schwieregkeeten hunn, genuch Mëllech ze produzéieren, kéint dat sech direkt op d'Entwécklung vun de jonken Déieren auswierken. "Mee och do muss ee soen, d'Wëld lieft an der Natur an d'Wëld gëtt och domat eens. An ech mengen, dat sinn einfach normal Prozesser, déi an der Natur sinn, quitt datt de Mënsch, deen zum groussen Deel Schold drun ass, datt mer iwwerhaapt dee Klimawandel hunn. Mee do reegelt d'Natur sech trotzdeem selwer."
Duerch déi aktuell Situatioun missten d'Ofschoss-Zuelen net automatesch geännert ginn. Entscheedend wier d'Situatioun am jeeweilege Juegdrevéier. Do, wou de Wëld-Drock besonnesch héich ass, misst méi staark reagéiert ginn. An anere Gebidder kéint ee beim normalen Ofschoss bleiwen. Fir de Marc Reiter ass kloer, datt de Wëld-Drock virun allem do reduzéiert muss ginn, wou een d'Entwécklung vum Bësch belaascht. D'Jeeër missten dofir jee no lokaler Situatioun reagéieren. D'Juegd kéint bei der Reguléierung hëllefen, misst dofir awer och déi néideg Moyene kréien. Nei Mesuren, déi am Kader vum Wëld- a Bëschdësch diskutéiert goufen an nach gesetzlech ëmgesat musse ginn, kéinten de Jeeër an Zukunft méi Méiglechkeete ginn.
Gläichzäiteg plädéiert de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun fir eng gewësse Verhältnisméissegkeet: "Mir sinn déi, déi d'Natur geformt hunn an eis do opféieren, wann d'Déiere sech esou géifen opféieren, wéi mir Mënschen eis opféieren, Alleluja, da muss een natierlech mat de Konsequenze liewen a muss een awer trotzdeem och nach ëmmer d'Natur, Natur si loossen an och déi Liewewiesen, déi do sinn, hunn och e Recht ze liewen."
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.