
Dem 43 Joer ale Mann war him virgehäit ginn, am Februar 2017 zu Esch op eng Fra gespaut an e Mann beim Fortfuere mat sengem Auto beréiert ze hunn.
Zwee Pecherte ware viru knapp 3 Joer op engem Kontrollgang, dobäi ass hinnen an Al Esch en Auto opgefall, dee falsch stoung. D'Fra wollt en opschreiwen, wéi de Beschëllegten aus engem Café koum. Si hätt him gesot, dass hien net kéint do stoe bleiwen, iwwer dem Gespréich hätt si dunn an d'Gesiicht gespaut kritt. De Mann hätt sech duerno a säi Gefier gesat a wär fortgefuer, woubäi hien hire Kolleeg um Knéi ze pake kritt hätt.
D'Affär wär fir si vergiess, wann den Ugeklote sech entschëllege géif, wouzou et awer net koum.
De Mann gouf wéi gesot elo zu 9 Méint Prisong an enger Geldstrof verurteelt.
E Fuerverbuet vun 20 Méint mat Sursis an eng Geldstrof vu 500 €: Dozou gouf en Donneschdeg um Stater Geriicht e Mann condamnéiert, deen am Juli voll mam Vëlo ënnerwee war. Dee Moment hat den Ugekloten 2,42 Promill Alkohol am Blutt.