
Et war deen 1. Dag am Prozess géint hire 50 Joer alen Ex-Mann, deen ass ënnert anerem ugeklot wéinst Sequestratioun.
D'Bestietnes mat der Ex-Fra vu 50 Joer war an d'Bréch gaangen an d'Situatioun ëmmer méi eskaléiert. Dem Mann gouf virgehäit, d'Fra tëscht Summer 2015 a Fréijoer 2017 zu Schëffleng ënnert anerem sequestréiert a versicht ze hunn, si ze vergewaltegen, dat och gemaach an hir mam Doud gedreet ze hunn.
D'Fra huet erkläert, de Mann hätt, direkt nodeems si bestuet waren, ugefaangen, si ze schloen. Wéi si am November 2015 e Messer widder de Kapp gehale kritt hätt, hätt si him gesot, dass si, wann et virugoe géif, Plainte géif maachen. Am Januar 2016 wär et dunn zu engem Tëschefall komm, bei deem hien d'Kummerdier zougespaart, si ënnert anerem mam Hals geholl a versicht hätt, si ze vergewaltegen. Hien hätt si am Ufank net goe gelooss, ma ee Moment hätt si op d'Toilette goen an d'Police ruffe kënnen. Dono wär de Mann expulséiert ginn an zanter Juli 2017 wäre si gescheet.
E Polizist sot, dass een am Januar 2016 iwwer e presuméierte Viol informéiert gi wär. D'Fra hätt ausgesot, dass de Mann probéiert hätt, si ze vergewaltegen, si awer iwwer e laangen Zäitraum méi dacks wierklech violéiert hätt. De Beamten huet betount, dass en Dokter kuerz virdrun e Rapport geschriwwen hat, wéinst engem anere Viol. De Medezinner hätt der Fra du geroden, bei en Affekot ze goen a Plainte ze maachen, wouzou et dunn awer nach net koum. De Mann wär am Juli festgeholl ginn, hätt alles ofgestridden an d'"Vernehmung" och net ënnerschriwwen.
Um Ufank vun der Sëtzung hat de Beschëllegten deklaréiert, de Gros vun den Uklopunkte géif net stëmmen. Am Verlaf vu senger Depositioun sot hien dunn, d'Fra hätt hien ëmmer nees ugegraff a vernannt. Op d'Fro hi vun der Presidentin vum Geriicht, wat dann am Januar 2016 geschitt wär, huet de Mann geäntwert: "Näischt" Hien an d'Ex-Fra hätte just geschwat, ier si dunn aus der Kummer gaange wär an d'Police geruff hätt. Hien hätt näischt gemaach, war seng Positioun iwwerdeems zum Constat vun der Riichterin, dass bei der Fra awer Blessure festgestallt gi wären. Vläicht wär si dat selwer gewiescht, huet de Mann gemengt.
Dëse Prozess dierft den 9. Juni ofgeschloss ginn.