Arméierten Iwwerfall zu RodangeMann mat Clown-Mask menacéiert Jugendlecher mat Messer

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, nodeems zwee Jonker e Mëttwoch de Mëtteg vun engem Onbekannte menacéiert an iwwerfall goufen.
© RTL Grafik

Zwee Jugendlecher waren zu Rodange an der Rue de l'Industrie ze Fouss ënnerwee, wéi si op eemol eng Persoun mat enger Clown-Mask an engem Messer an der Hand hannert sech gesinn hunn. Den Ugräifer huet béid op Franséisch opgefuerdert, him hir Poschen ze ginn an huet sech dunn a Richtung N13 - Pôle Européen duerch d'Bascht gemaach.

Täterbeschreiwung vun der Police

Bei demselben handelt es sich um einen jungen Mann von schlanker Statur, zirka 1,65-1,70m groß, helles Haar, bekleidet mit einer schwarzen Hose und mit einem schwarz-weißen Trikotoberteil des französischen Fußballvereins Paris St. Germain.

All Informatioune si fir d'Police Käerjeng/Péiteng ënnert der Nummer 244 56 1000.

Back to Top
CIM LOGO