BartrengMann krut Auer vun zwee Onbekannte geklaut

RTL Lëtzebuerg
Zu Bartreng krut den Donneschdeg de Moie kuerz no 6 Auer en Awunner aus der Cité Millewee seng Auer vum Aarm geklaut.

Zwou Persoune waren him viru sengem Haus opgefall. Wéi e se ugeschwat huet, hu se no sengem Aarm gegraff an ëm d’Auer ofgeholl.

D’Täter si Richtung Rue des Romains fortgelaf. Déi Zwee ginn als éischter kleng Südlänner/Südamerikaner beschriwwen. Si haten ongeféier 20 Joer. Een hat eng Mutz an e Brëll un.

Back to Top
CIM LOGO