
Hien ass dofir awer net ugetrueden.
Et gouf dem Mann awer net nëmme virgehäit, déi falsch Suen am Dezember 2018 besiess, mä och versicht ze hunn, fir se an Ëmlaf ze bréngen.
Wéi hie viru ronn 13 Méint vun der Police ugehale gouf, am Kader vun engem méiglechen Abroch an en Appartementshaus zu Hesper, hat de Mann déi Sue bei sech, huet um Méindeg de Moien e Polizist ausgesot.
D'200, 100 a 50 €-Schäiner, déi hie bei sech hat, haten e Géigewäert vun ëmmerhi bal 22.000 €. De Mann hat der Police géintiwwer behaapt, dass hien dës Schäiner an engem Dreckseemer am Garer Quartier fonnt hätt. Dem Zeien no war et ze gesinn, dass dat Falschgeld war. Dowéinst hätt een dem Parquet ugeruff, deem säi Vertrieder de Polizisten ordonéiert hätt, fir de Mann festzehuelen. Um Policebüro hätt deen dunn ënner anerem zu Protokoll ginn, dass hien engem Kolleeg e Schäi ginn hätt, fir dass deen domat en Drogendealer beduckse kéint.
Dës Ausso huet de Vertrieder vum Parquet opgegraff, fir ze beweisen, de Mann hätt gewosst, dass et falsch Sue waren. Wat de Virworf vum Besëtz vu Falschgeld ugeet, wär et egal, wéi hien drukomm wär. D'Argument mat der Poubelle kéint stëmmen, ma et kéint och sinn, dass de Mann d'Schäiner selwer produzéiert hätt, Schäiner, vun deene verschiddener eng gutt Qualitéit haten, anerer dogéint eng manner gutt. Op Besëtz vu Falschgeld stéinge bis zu 5 Joer Prisong, sou de Vertrieder vum Parquet, deen um Enn 30 Méint verlaangt huet. E Sursis konnt net an Aussiicht gestallt ginn, ebe well de Mann net op säi Prozess koum! De Géigewäert vun de falsche Suen hätt ëmmerhin iwwer 20.000 € ausgemaach. Virun deem Hannergrond kéint ee vun engem Trouble grave à l'ordre public schwätzen. Bei d'Prisongsstrof sollt dann och nach eng Geldstrof vu 5.000 € dobäi kommen.
D'Urteel gëtt de 16. Januar gesprach.