Stater GareMann gouf ugegraff a mat Messer blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf et op der Stater Gare en Tëschefall, bei deem eng Persoun mat engem Messer blesséier gouf.

Et war géint 19.40 Auer, wéi e blesséierte Mann op de Policebüro op der Stater Gare koum. En huet uginn, e wier no engem Sträit vun enger Persoun mat engem Messer gepickt ginn.

De Mann wier an engem Café vun enger Persoun opgefuerdert ginn, him Suen ze ginn. Dat huet en awer net gemaach, wouropshin hie vu du bis op d'Gare verfollegt an do mat engem Messer menacéiert gouf.

Béid sinn dunn an de selwechte Bus geklommen wou et dunn zu enger Kläpperei koum. Beim erausklammen huet den Täter d'Affer du mat engem Messer verletzt.

D'Police huet direkt eng Ambulanz fir d'Affer geruff an et gouf nom presuméierten Täter gesicht, dat allerdéngs ouni Succès.

Back to Top
CIM LOGO