Drogendealer gepëtztMann am Besëtz vu Cannabis, Kokain an illegale Waffen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, si hätt een Drogendealer gepëtzt, bei enger vum Parquet ordonnéierter Alkoholkontroll e Mëttwoch den Owend zu Biwer.
© Police

Am Auto vum presuméierte Kriminelle goufen 150 Gramm Cannabis fonnt, beim Mann an der Wunneng dunn nach en hallwe Kilo Cannabis, esou wéi kleng Quantitéite Kokain an illegal Waffen. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an an Untersuchungshaft gesat. D'Drogen, d'Waffen a säin Auto goufe confisquéiert.

Back to Top
CIM LOGO