KinnekswissManiff géint Corona-Restriktiounen an Decisioune vun der Regierung

RTL Lëtzebuerg
Op en Neits sinn eng Partie Leit op d'Strooss gaangen an hunn an der Stad Lëtzebuerg demonstréiert.
Maniff op der Kinnekswiss géint d'Corona-Mesuren
A Fro gestallt gouf vun de Manifestanten ënnert anerem de Corona-Vaccin oder d'Masken.

Dat, well si net mat de Corona-Mesuren an den Decisioune vun der Regierung averstane sinn. Treffpunkt vun de Manifestante war e Samschdeg de Mëtteg an der Stad op der Kinnekswiss.

Ronn 40 Participanten hu sech mat Schëlder fir Fräiheet an Eegebestëmmung staark gemaach. Verschiddener hunn awer och Sënn an Zweck vun de Masken, PCR-Tester an den Impfungen a Fro gestallt. An och de 5G stoung nees an der Kritik.

Back to Top
CIM LOGO