
Konkret goung et ëm den Doudesfall vun engem 21 Joer ale Kapverdianer, deen den 21. Dezember a Portugal vun engem Grupp vu jonke Männer attackéiert a niddergeschloe gouf. 10 Deeg drop ass hien u sengen uerge Blessure gestuerwen. D'portugisesch Medien hätten de Fall kaum opgegraff an d'Police hätt net weider no de Schëllege gesicht, esou d'Revendicatioune vun de Leit, déi e Samschdeg och vum Ambassadeur empfaange goufen.
Si fuerderen, datt eng uerdentlech Enquête gemaach gëtt, betount d'Antonia Ganeto, Spriecherin vun Finkapé, dem "Réseau afrodescendant Luxembourg".
Nieft Lëtzebuerg gouf et och zu London, Paräis an a verschidde portugisesche Stied e Marsch fir de verstuerwene Mann, deen e Samschdeg am Cap Vert begruewe gouf.