Situatioun a Bierg-KarabachManifestatioun am 3-Länner-Eck bei Rodange hat fir Stau gesuergt

RTL Lëtzebuerg
Am belsch-franséisch-Lëtzebuerger Dräilännereck gouf et um Méindeg de Moien eng Manifestatioun fir op d'Situatioun a Bierg-Karabach opmierksam ze maachen.
Bierg-Karabach: Manifestatioun am 3-Länner-Eck
Am belsch-franséisch-Lëtzebuerger Dräilännereck gouf et um Méindeg de Moien eng Manifestatioun fir op d'Situatioun a Bierg-Karabach opmierksam ze maachen.

E puer Dosen Demonstranten hate scho viru 6 Auer ugefaangen d'Stroosse beim Rond-point tëscht der N803 an der N840 ze blockéieren a friddlech op de Konflikt tëscht Armenien an Aserbaidschan a Bierg-Karabach hinzeweisen.

© www.googlemaps.com

Béid Säite reprochéiere sech géigesäiteg, zivil Ziler z'attackéieren. An der Nuecht op e Sonndeg hat d'Haaptstad vun Nagorno-Karabach wéinst aserbaidschanesche Bombardementer kee Stroum méi, d'Awunner hu sech an hire Kellere misste verstoppen. E Sonndeg huet Armenien déi aserbaidschanesch Groussstad Gandscha ugegraff. E Militärfluchhafe soll zerstéiert gi sinn. Virun enger Woch ass de Konflikt tëschent den 2 fréiere Sowjetrepubliken Armenien an Aserbaidschan eskaléiert, et sinn déi uergste Kämpf zanter 1994. Nagorno-Karabach gehéiert vëlkerrechtlech zum Aserbaidschan, et wunnen awer virun allem Armenier do.

D'Manifestatioun war géint 9.20 Auer eriwwer. Bis dohi gouf et awer Stau an all Richtungen, sief et an der Belsch, a Frankräich oder och zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO