Stad Lëtzebuerg wënnt Access City AwardMam Rollstull duerch d'Stad - awer net esou einfach

RTL Lëtzebuerg
De Luca sëtzt zënter 2013 am Rollstull. E Freideg, um Internationalen Dag fir Mënsche mat Behënnerung, huet hien eis mat op en Tour duerch d'Stad geholl.
Am Rollstull duerch d'Stad Lëtzebuerg
Leit déi am Rollstull sëtzen, stoussen an der Stad op verschidde Problemer.

Mat 18 Joer hat de Luca en Accident mam Auto. No zwou Wochen am Koma krut hien d'Diagnos: De jonke Mann ass queeschschnëttsgeläämt. Vill Ënnerstëtzung an e positiivt Ëmfeld hunn et dem Luca méi einfach gemaach, de Wee zeréck an d'Normalitéit ze fannen, souwäit dëst méiglech war.

De Luca ass trotz senger Aschränkung kierperlech fit a jonk. Dat, an d'Ënnerstëtzung vu Famill a Frënn hëllefen him dacks, Barrièren am Alldag ze iwwerwannen. An där Barrièrë ginn et der nawell vill. Vu klengen Träppleke fir an e Buttek eran, bis hin zu Handicapéierten-Toiletten, déi just gewëssen Auerzäiten op sinn. Scho 6 Mol wieren Deeler vun der Groussgaass erneiert ginn an awer ginn et weider Träppleke virun de Geschäfter. Dobäi géif dës Ännerung net nëmme Persounen am Rollstull arrangéieren, mee och eeler Leit a Famille mat Kutschen, fënnt de Luca. D'Schold dierft een hei awer net de Geschäftsleit ginn. De Problem wier éischter en Accessibilitéitsgesetz, dat zënter Joren an der Chamber läit.

D'Accessibilitéitsgesetz gesäit vir, dass all ëffentlecht Gebai, den ëffentleche Raum a gréisser Residencë fir jiddereen zougänglech musse sinn. Dozou gehéieren och Persoune mat enger Behënnerung.

Tatsächlech gouf dëst Gesetz um Donneschdeg an der Chamber gestëmmt. A Kraaft trëtt et dann awer réischt an annerhallwem Joer.

Trotz dem Gesetz, dat da réischt 2023 gëllt, an de Barrièren, fir ënnert anerem Persounen am Rollstull, soll d'Situatioun an der Stad Lëtzebuerg relativ gutt sinn. D'Stad huet e Freideg am Nomëtteg den Access City Award gewonnen. De Präis gouf vun der Europäescher Kommissioun iwwerreecht a soll déi Stad auszeechnen, déi déi beschte Moossnamen ergräift a Strategie proposéiert, fir den ëffentleche Raum fir jiddereen esou zougänglech wéi méiglech ze maachen.

Fir de Luca ginn et an der Stad awer nach verschidde Saachen, déi kéinte besser lafen. Hie seet zwar, dass hien den Ament nach relativ wéineg Schwieregkeeten huet, well hie kee Problem huet no Hëllef ze froen an och méi héich Trottoire gutt erop an erof kënnt. De jonke Mann weess awer, dass dat net bei all Persoun am Rollstull de Fall ass an dass et och bei him mam Alter kéint méi problematesch ginn.

PDF: Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO