RTL ReporterMam Paulette Lenert ënnerwee

Loïc Juchem
Am RTL Wecker um Radio ass den RTL-Reporter reegelméisseg am ganze Land ënnerwee a versicht eis op déi Plaze matzehuelen, wou ee vläicht net ëmmer hikënnt.
© Loïc Juchem / RTL

De Loïc Juchem huet eis Gesondheetsministesch déi lescht Woch puer Mol begleet a wollt wëssen, wéi hiren Aarbechtsalldag ausgesäit, dernieft léiere mer d'Politikerin awer och privat besser kennen.

Am Februar 2020 huet si dem deemolege Gesondheetsminister Etienne Schneider säi Mandat iwwerholl an huet dunn direkt missen eng Pandemie geréieren. Wéi geet et der Madamm Lenert aktuell? Wéi huet si d'Summervakanz verbruecht a wat gëtt gemaach, fir och emol ofzeschalten? Deene Froe geet de Loïc no. Hien huet si zum Beispill just virun hirem Rendez-vous mat der belscher Regierung um Kierchbierg getraff, si hëlt eis mat op hire Büro an d'Villa Louvigny a bësse Sport gëtt och gemaach. Déi zwee sinn zesumme laanscht d'Musel gelaf an haten d'Méiglechkeet, fir net nëmmen iwwer Politik ze schwätzen.

Lauschtert hei déi ganz Reportagen:

Mam Paulette Lenert ënnerwee

Mam Paulette Lenert an der Villa Louvigny

Joggen mam Paulette Lenert

Back to Top
CIM LOGO