D'Gëlle Fra gouf 1923 eng 1. Kéier op der Place de la Constitution opgeriicht, fir den Asaz vu Lëtzebuerger Jongen un der Säit vun de franséischen Alliéierte wärend dem 1. Weltkrich ze éieren. Dem Claus Cito seng Skulptur, e Symbol vun der Fräiheet an der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg war den Nazien 1940 natierlech en Dar am A. D'Gëlle Fra gouf awer weder komplett zerstéiert, nach huet se deemools de Grand-Duché verlooss. Bis se 2010 fir 6 Méint op Shanghai geplënnert gouf, eng Rees, déi deemools mam Begrëff Rechtssécherheet näischt ze dinn hat.
Dat neit Gesetz iwwert den Denkmalschutz, dat elo ob de Wee bruecht gëtt, ass e Fortschrëtt op immens ville Pläng. Dat seet de Michel Polfer, den Direkter vum nationale Musée fir Geschicht a Konscht.
Mat enger Garantie d'Etat, enger Garantie de non saisie an engem Fong fir de Patrimoine stéingen Elementer dran, déi immens wichteg wieren, fir déi praktesch Aarbecht vun de Muséeën.
Donieft gi kloer Reegele geschaaft fir den Import an Export vu kulturelle Gidder. D'gëlle Fra einfach esou exportéieren, wéi dat 2010 de Fall war, fir d'Weltausstellung zu Shanghai wier mam neie Gesetz net méi dran
Dem neie Gesetz no dierft d'gëlle Fra nämlech zum Trésor national gehéieren. Eng Notioun, déi et am Ausland scho méi laang gëtt, déi awer zu Lëtzebuerg elo eréischt agefouert gëtt. Dat bréngt mat sech, datt wann een e "Bien" wëll exportéieren, fir ëmmer oder och just temporär, eng Autorisatioun muss gefrot ginn. Déi kritt een, oder och net, vun enger spezieller Kommissioun, déi no transparente Critèren tranchéiert.
Den Trésor national, seet de Michel Polfer, ass eng besonnesch Unerkennung fir e sougenannte bien culturel classé, dee fir de Lëtzebuerger Patrimoine aussergewéinlech wichteg ass. Entweder, well en extra rare ass, oder well en e besonnesche Stellewäert huet, fir de Lëtzebuerger Patrimoine,
Mir hunn e Beispill hei am Musée. Dat ass deen éischten Auto, dee je hei zu Lëtzebuerg gefuer ass. Deen Auto gëtt et am Ausland nach e puer Mol, et ass e Benz, mä et gëtt eben nëmmen eng Kéier deen éischten Auto, deen zu Lëtzebuerg gefuer ass. Sou, datt een an dee selwechte Modell fir eis e Bien culturel classé an en Trésor national ass, deen am Ausland vläicht net an déi selwecht Kategorie géif geroden.
Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg net vill Objeten, déi klasséiert sinn. Genee dat soll sech mat deem neie Gesetz änneren.
Den Avantage vum Gesetz ass, datt dat Konzept elo verstäerkt agefouert gëtt. Dat et esou zwou Kategorie gëtt, de bien classé an den Trésor national an datt natierlech esouwuel déi staatlech Instanze selwer, d'Kommissioun, déi extra geschaaft gëtt, fir ze tranchéieren, mä och Associatiounen zum Beispill kënnen Objete proposéieren.
Da ginn et eng Partie Elementer am Gesetz, déi awer och wichteg si, fir déi praktesch Aarbecht vun engem Musée, seet den Direkter vum MNHA. Nieft der Garantie d'Etat ass dat eng Garantie de non Saisie. En Instrument, mat deem ee Land deem anere Land garantéiert, datt Objeten, déi aus enger staatlecher Sammlung ausgeléint ginn, garantéiert erëm zeréckkommen an net kënne saiséiert ginn.
Vill Länner verlaangen dat, soss kritt een hir Saache guer net geléint. Mir hunn dat Instrument bis elo nach net, kënnen also esou eng Garantie de non saisie guer net ausstellen an doduerch si schonn eng Rei vu wichtege Projete gescheitert. Dat gëtt elo agefouert, dat ass fir d'Muséeën eng ganz ganz wichteg Saach an e flott Instrument.
Da gëtt och e Fong fir de Patrimoine geschaaft, zu deem senger Missioun et gehéiert, kulturell klasséiert Objeten ze kafen an net ze Lescht kritt de Staat duerch dat neit Gesetz e Virkafsrecht bei enger Stee.
Serie Patrimoine (1) En nationalen Inventaire iwwer eis Haiser, Häipen a soss Erhalenswäertes
Serie Patrimoine (2) En Inventaire, e Fiels an eng Buerg
Serie Patrimoine (3) Renovatioun vum Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng: Aus Stee gëtt Bijou
Serie Patrimoine (4): D'Bäerbelekierch zu Zowaasch
Serie Patrimoine (5) Den immaterielle Patrimoine: Eng jonk Fra, eng Kiermes an en Intespill
Serie Patrimoine (6) Schlass vun Eesebuer: 14 Wunnengen an en oppene Park