CGDISMam Auto an e Bam gerannt, Automobilistin schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter vun e Samschdeg den Owend.

Um 18 Auer koum et an der Route de Michelau zu Ierpeldeng zu engem Accident, woubäi eng Automobilistin an e Bam gerannt ass. D'Fuererin gouf schwéier blesséiert, de Bäifuerer hat méi liicht Blessuren.

Um 17.30 Auer sinn zwee Autoen am Rond-point Irgäertchen zu Hamm net laanschtenee komm. Beim Accident ass awer kee blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO