Vun der nächster Rentrée unMaison-relaisen tëscht 7 an 19 Auer gratis

Anne Wolff
Donieft soll och d'Iessen an der Maison relais an an de Schoulkantinne gratis ginn, fir déi Kanner, deenen hir Elteren en niddrege bis mëttele Revenu hunn.
Maison-relaisen tëscht 7 an 19 Auer gratis
Vun der nächster Rentrée u sollen d'Maison-relaisen tëscht 7 Auer moies an 19 Auer owes gratis ginn.

Ma dat wier net ganz gerecht, esou de Petitionär Jules Clement.

An der Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier vu Chancëgläichheet geschwat. De Jules Clement vermësst déi awer an der Propos: "An der Ried geet riets vu Chancëgläichheet, an ech fannen, dass do déi Leit vergiess goufen, déi selwer fir hir Kanner doheem kachen. D'Regierung seet, si wéilt d'Leit ënnerstëtzen, egal wéi ee Choix se maache, an do muss ech soen, dass dat fir mech keng Chancëgläichheet ass, wann een déi Leit, déi hir Kanner selwer doheem versuerge, quasi riets leie léisst."

Vun der nächster Rentrée u solle Kanner, deenen hir Eltere bis zu 4x de soziale Mindestloun verdéngen, fir näischt kënnen an der Maison Relais oder an der Schoulkantin iessen. Och an de Lycéeë soll d'Mëttegiesse gratis ginn, wann d'Kanner eng finanziell Bäihëllef aus dem Centre psychosocial scolaire kréien, déi sougenannte Sepas-Primm. Fir de Jules Clement ass dee System net ganz gerecht: "Ech hunn elo do kee Montant am Kapp, mä dat ass eng Fro, déi ech der Regierung och gäre géing stellen. Wa si d'Maison-relaisen an och d'Mëttegiesse gratis maachen, kascht dat jo eng bestëmmten Zomm, an ech fannen, déi aner Leit sollen den equivalente Betrag kréien."

Mat där Ënnerstëtzung wieren d'Leit éischter bereet, am Temps-partiel ze schaffen a méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. D'Familljeministesch Corinne Cahen huet op d'Petitioun reagéiert. Op d'Fro op dat méiglech wier, huet si geäntwert: "Nee, et gëtt wéi gesot d'Kannergeld, dat ass fir all d'Kanner, et gëtt de Congé parental, dat ass fir d'Elteren, wa se eng Zäitchen net schaffe ginn, fir bei hire Kanner ze sinn. Mir wëllen eng Offer vun Infrastrukture schafen, fir déi Kanner, déi dann net kënnen doheem iessen."

D'Petitioun 2061 huet ewell 4.500 Ënnerschrëften erreecht a muss also nach an der Chamber debattéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO