Ouschterwekeend an der StadLuxembourg City Tourist Office mat positivem Bilan

Pierre Weimerskirch
Um Ouschterweekend war eng méi lass an der Stad. Net nëmme wéinst der Emaischen, ma och wéinst den touristeschen Attraktiounen.

De Luxembourg City Tourist Office huet an engem Communiqué Bilan gezunn a vun engem erfollegräiche Start an d’Touristesaison geschriwwen.

Mam schéine Wieder an engem verlängerte Weekend wier d’Saison 2026 gutt ugaangen. Vum 3. bis de 6. Abrëll hu vill Visiteuren d’Geleeënheet genotzt, fir d’Stad Lëtzebuerg z’entdecken. Am Tourist Office um Knuedler goufen 2.265 Leit empfaangen. Déi meescht Visiteure koumen aus Däitschland, viru Frankräich an Holland.

Knapp 500 Persounen hu mat engem Guide d’Stad entdeckt. Besonnesch gefrot war eng Ouschter-Safari fir Familljen, dës war quasi komplett ausgebucht.

Kasematte beléift bei Touristen aus dem noen Ausland

Zu de grousse Publikumsmagnéiter gehéieren nach ëmmer d’Bock-Kasematten, déi an nëmme véier Deeg iwwer 5.000 Visiteuren ugezunn hunn. An de Péitruss-Kasematte ware knapp 1900 Leit. En aneren Highlight war d’Éimaischen an der Alstad.

Och digital waren d’Touristen ënnerwee: D’Internetsäit “luxembourg-city.com” gouf iwwer de Weekend vu méi wéi 20.000 Leit besicht.

Top Secret: D'Kasematte vum Helleggeescht-Plateau (E Reportage aus dem Joer 2024)
Tëscht 1725 a 1741 goufen dës Gäng, do wou haut den Helleggeescht-Plateau an d’Cité Judiciaire stinn, an de Fiels gepickt a gesprengt.

Back to Top
CIM LOGO