
De Gilles Feith sot, datt ee sech leede léisst vun de Länner, déi Vakanzendestinatioun sinn. D'Fluchgesellschaft géif selwer op alle Fall keng Obligatioun vun enger Impfung virgesinn.
"Mir sinn haut schonn an enger Situatioun, wou mir kënnen och mam Virus, mat de Masken an all de Schutzmoossnamen, déi mer hunn, kënne mer sécher fléien, duerch déi Filtratioun an duerch déi ganz Desinfektioun, déi mer an de Fligeren hunn a mir mussen och bedenken, datt jo net all Mënsch ka matenee geimpft ginn. Dat heescht, et ass a mengen Aen net un enger Airline, do Reegelen ze ginn. Mä mir wäerten eis mussen an dat wäerte mer och sécher maachen, un d'Reegelen an deene verschiddene Länner konforméieren. Wann een elo zum Beispill kuckt, wa Leit, déi haut mat der Luxair wëlle vu London op Lëtzebuerg kommen, déi mussen alleguer e PCR-Test hunn. Och dat wäerte mir duerno, wann esou Mesurë sollte kommen an de Länner, da wäerte mir déi applizéieren."
Generell wier dat net d'Aufgab vun Airlinen, mä vu Regierungen, sou de Gilles Feith.
Maske sinn op alle Luxair-Vollen weider obligatoresch. Nëmme Passagéier mat valabelem Doktesch-Zertifikat kënne sech där Mesure entzéien.
Et gëtt och recommandéiert, datt d'Leit net méi wéi 15 Minutte sollen iessen an drénken, am beschte souguer manner laang.
D'Maskepflicht dierft och weider bestoen, bis d'Majoritéit vun de Leit geimpft oder anescht immun wier. D'Luxair huet awer keng Passagéier-Begrenzung. Et versicht een awer, d'Leit sou wäit wéi méiglech auserneenzesetzen.
Et hätt bis ewell 2 Fäll gi vu Leit, déi d'Mask net wollten droen. Esou Tëschefäll kéinten e Fliger forcéieren ze landen. Et hätt een deene Leit zäitweis verbueden, mat der Luxair ze fléien.

Eng prezis Zuel, wat Zousazkäschten ugeet, wollt de Gilles Feith net nennen, ma fir verschidde Vollen hätt een den Ament 20 bis 25% méi Käschten wéinst Temperatur-Moosse vu Passagéier, Ausfëlle vun Dokumenter an natierlech d'Desinfektioun no all Vol. Dat wier awer marginal am Verglach mat Fligeren, déi mussen um Buedem bleiwen.
Et wéilt een net d'Präisser erhéijen, well ee soss de Client kéint verléieren. Ze bemierke wier, datt d'Leit hire Fluch eréischt méi no vum Datum buchen, esou de Luxair-Chef.
Iwwer Chrëschtdag wieren esouguer eng Rei Billete méi bëlleg wéi an anere Jore gewiescht. D'Luxair huet 60% vun hire Fligeren an dëser Period agesat.
De Gilles Feith geet dovunner aus, datt ee sech fir d'Fluchgesellschaft an den nächsten 3 Joer méi niddereg Revenuen erwaart. Et gëtt de Choix tëscht Perte maachen an enger Hausse vun de Präisser. D'Luxair hätt seng eege Piloten a schafft net mat Freelance-Piloten. Et géif ee seng sozial Verantwortung als Betrib seriö huelen.
Dat wéilt een net änneren, sou de Gilles Feith, deen hofft, datt d'Clienten dat och ze schätze wëssen.
"Mir ginn dovun aus, datt den Impakt nach awer relativ grave ass, well 2020 war wierklech e katastrophaalt Joer fir d'Aviatioun am Allgemengen a fir d'Luxair och. Ech sinn awer der Meenung, datt d'Leit Confiance hunn. Mir gesinn dat och ganz virsiichteg an de Buchungen, wat elo Luxair Tours ugeet, déi klassesch Destinatiounen am Schengeberäich, déi fänken un, unzezéie fir de Summer. Den Non-Schengen - Ägypten a sou weider - geet awer nach ganz ganz lues. Dat heescht, mir hoffen, dass mer am Rees-Beräich bis zu 75% kënnen erreechen d'nächst Joer, iwwert d'ganzt Joer gesinn. Mir mengen awer och, dass mer am éischte Quartal héchstens 39% vun eisem Reseau erreechen. A mir wäerten awer nach ee mol mussen de Januar an de Februar an och e bëssen de Mäerz no ënnen ajustéieren, well mer do déi Demande nach net gesinn."
Bis ewell hätt ee versicht, den Impakt op de Präis vum Ticket ofzefiederen, dat géing een och nach am Ufank vum Joer 2021 maachen. Laangfristeg géing dat awer net goen, wann een d'Qualitéit vum Service an och de Sozialmodell erhale wéilt, deemno wäert d'Fléie méi deier ginn.