Wéi d’Luxair gemellt huet, huet eng Havilland-Q400-Maschinn en Donneschdeg am Nomëtteg missen zu Nice noutlanden. De Voll mat der Nummer LG8255, dee vum Findel a Richtung Nice geflunn ass, huet missen en Donneschdeg am Nomëtteg zu Nice um Fluchhafen noutlanden.
Wéi de Luxair-Generaldirekter am RTL-Interview en Donneschdeg op RTL Télé erkläert, hätt e Sensor beim éischten Usaz fir eng Landung gewisen, “datt de rietsen Train d’atterissage net an enger locked Position war”. Doropshin hätt d’Crew direkt eng Checklëscht ofgeschafft, fir ze kucken, wat de Problem kéint sinn. Nodeems d’Crew decidéiert hat, datt de Fliger awer lande géing, hätt een de rietse Motor ausgemaach an d’Leit hätte missen eng Sécherheetspositioun anhuelen, esou de Gilles Feith nach.
Och wann et eng enorm Stresssituatioun fir d’Passagéier an d’Crew war, wiere béid Säit roueg bliwwen an “dat Ganzt ass immens roueg iwwer d’Bün gaangen. D’Leit sinn op der Landebunn erausgeklommen, wat jo net alldeeglech ass, a goufen dann an den Terminal bruecht, wou mir een Accueil psychologique prett hate fir déi, déi wollten.” E puer Passagéier hätten dee Service dann och an Usproch geholl.
Grond fir d’Noutlandung war wéi gesot e Sensor. “E berüümte Sensor, deen net richteg funktionéiert huet, well nodeems mir gelant waren, war dee Sensor gréng op locked.” Hätt een awer keng Virsiichtsmoossnamen ergraff hätt d’Fuerwierk awer och kéinten abriechen, “well net ganz richteg verrasst”. Dëst géing Schied um Fliger matsechbréngen, awer an deene mannste Fäll géingen dobäi Passagéier blesséiert ginn.
D’Luxair hätt elo e Mecanicien an zwee Auditeuren op d’Plaz geschéckt, fir eng detailléiert Analys ze maachen. D’Crew kéim en Donneschdeg den Owend nach zréck op Lëtzebuerg.
Wéi op der Plattform “Flightradar24" ze gesi war, huet de Fliger iwwer eng Stonn laang iwwer dem Mëttelmier Schlaufe gedréint, ier en um Enn sécher an der Hafestad gelant ass. De Vol LG8255 koum mat enger Stonn Verspéidung kuerz viru 16 Auer de Mëtteg zu Nice un. Wéi d’Luxair confirméiert, wier kengem vun de 74 Leit u Bord vun der Maschinn eppes geschitt an d’Passagéier hätte mam Bus kënnen op den Terminal bruecht ginn. Et wier och psychologesch Ënnerstëtzung en place gesat ginn.
Um Fluchhafen zu Nice ware sämtlech Sécherheetsprecautioune geholl ginn. Ënner anerem waren d’Pompjeeë mobiliséiert. Wéinst dem Virfall war de Fluchtrafic eng Zäit ënnerbrach.
Der Luxair no wäert eng déifgrënneg Enquête gemaach ginn, fir d’Ursaach vum Incident ze klären.
Eréischt d’lescht Woch hat en neien Embraer E195-E2 missen um Wee op Mailand aus Virsiicht ëmgedréint. Dat wéinst enger Meldung vun engem Capteur. De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith hat doropshi reagéiert an de Kaf vun den neie Fligeren als richtege Choix bezeechent an erkläert, datt Problemer mam Motor keng gréisser Limitatioun géing duerstellen.
Dir krut de Virfall mat? Da mellt Iech bei eis op red@rtl.lu.
Liest dozou och d’Artikele vun en Dënschdeg iwwer d’Problemer mat den neien Embraer-Fligeren:
Press News
Luxembourg, 22 Janvier 2026
Atterrissage d’urgence du vol LG 8255 (Luxembourg–Nice)
Aujourd’hui, le 22 janvier, le vol LG 8255 reliant Luxembourg à Nice, opéré avec un avion Dash 8- 400, a effectué un atterrissage d’urgence à la suite d’un problème sur le train d’atterrissage droit de l’appareil.
L’avion a atterri en toute sécurité et, par mesure de sécurité, s’est immobilisé sur la piste. Les procédures appropriées ont été appliquées conformément aux réglementations de sécurité. Les 74 passagers ont été débarqués et transportés en bus jusqu’au terminal, où ils sont pris en charge.
Tous les passagers et les membres d’équipage sont sains et saufs, et un soutien psychologique est mis à disposition si nécessaire. La cause profonde de cet incident fera l’objet d’une enquête approfondie conformément aux réglementations de sécurité de la compagnie aérienne.