Déi 2. Phas vun der Impfcampagne ass lancéiert, Persounen iwwer 75 Joer an Erwuessener, déi als "hautement vulnérable" gëllen, ginn an den nächste Wochen invitéiert, fir sech impfen ze loossen.
Och an deene Phasen duerno ginn ëmmer parallel bestëmmten Altersklassen a Leit mat bestëmmte Krankheeten invitéiert.
Wärend de Staat den Alter vun de Bierger kennt, huet e keng Informatiounen iwwert hir individuell Gesondheet. Fir sécher ze stellen, datt krank Leit hir Invitatioun kréien, gi Kriibspatienten zum Beispill vun deem Spidol, an deem si traitéiert ginn, fir d'Impfung agelueden.
Doriwwer eraus gëtt e System opgebaut, deen et den Dokteren erlaabt, hir Patienten anzeschreiwen, erkläert de Luc Feller, Haut-Commissaire à la Protection Nationale, am RTL-Interview.
"Herno, an deenen nächste Phasen, wäert et esou sinn, dass d'Leit, wa se an déi Kategorie falen, déi grad drun ass, dass déi Leit iwwert hiren Dokter eng Certificatioun kréien, dass se vulnerabel sinn, dat leeft ganz einfach, den Dokter brauch do näischt ze schreiwen, den Dokter brauch just d'Matricule vun deene Leit an eng Datebank anzedroen..."
Déi Leit musse wuel verstane bei hiren Dokter goen, fir dat unzefroen.
"Jo, d'Leit mussen hiren Dokter kontaktéieren, si kënnen dat awer och iwwer Teleconsultatioun maachen, dat ass e System deen den Ament gutt fonctionéiert, den Dokter dréit dann hir Matricule, méi brauch en net ze maachen, an d'Datebank an an da ginn déi Leit automatesch invitéiert."
Vue dass déi Impfstoffer raart Material sinn, géife keng Dosisse verbëtzt ginn, seet de Luc Feller. D'Apdikter an den Impfzenter géifen oppassen, nëmmen esou vill Dosen ze preparéieren, wéi och Leit kommen.
"Elo kann et natierlech sinn, dass kuerzfristeg e puer Leit net kommen, wann dann eng Dosis Recht bleift, da gëtt déi d'éischt de Gesondheetsprofessionellen ugebueden, déi sur place sinn. Well déi natierlech an der prioritärer Kategorie sinn. Wann déi alleguer scho geimpft sinn oder net wëlle geimpft ginn, da gëtt se dem Personal an der Verwaltung ugebueden, déi sur place sinn. Wann déi och net wëllen oder all geimpft wieren, dann huet een d'Méiglechkeet, dass Leit gefrot ginn, déi zu der prioritärer Kategorie gehéieren, dat heescht déi och Dokter sinn oder Apdikter, dass déi kënne kommen, ganz kuerzfristeg, fir kënne geimpft ze ginn."
Dat géif awer eigentlech net méi dacks virkommen, seet de Luc Feller.
"Doduerch dass mer den AstraZeneca an den Impfzenter hunn. Dat ass en Impfstoff, deen ee ka lageren. Dat heescht, wa mer owes eng Dose Recht hunn, da kënne mer déi bis den aneren Dag halen, dofir probéiere mer elo, déi lescht Stonn an den Impfzenter virun allem den AstraZeneca ze versprëtzen an doduerch hu mer de Problem eigentlech net méi vun den Dosen, déi Rescht bleiwen."
Wéi een Impfstoff ee kritt, däerf ee sech iwwregens net selwer eraus sichen. Den Dokter, deen d'Leit virun der Impfung ënnersicht, decidéiert dat op Basis vun den Indikatioune vun den Hiersteller a vum Conseil supérieur des maladies infectieuses.
