E Freideg de Moien ass dem LSAP-Deputéierte seng Kandidatur am Staatsrot mat Majoritéit zeréckbehale ginn. Fir den Alex Bodry wäert d'Simone Asselborn-Bintz deemno an d'Chamber noréckelen. No enger laanger Karriär verléisst hien domadder d'Politik. Dat ganzt wier eng politesch, grad ewéi eng reng perséinlech Decisioun, hat hie rezent wësse gedoen.
No sengen Etüden zu Paräis war den Alex Bodry Affekot um Stater Barreau. 7 Joer war hien du Member vum Diddelenger Gemengerot, eben éischte Schäffen a Buergermeeschter vun där Stad. 1984 gouf hien op der LSAP-Lëscht fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt a fir d'leschte Kéier bei de Chamberwalen 2018 erëmgewielt. Tëscht 1989 an 1999 war den Alex Bodry Minister, zoustänneg ënnert anerem fir Landesplanung, Ëmwelt, Energie, Sport, Arméi a Kommunikatioun.
An der Chamber war den Alex Bodry President vun der Kommissioun, déi fir d'Verfassungsreform zoustänneg ass. Allerdéngs ass déi grouss Verfassungsreform gestuerwen. Dat aktuellt Grondgesetz vun 1868 soll nämlech op 30 verschiddene Punkte geännert ginn. E Verfassungsreferendum soll et net ginn.
No méi wéi 35 Joer zitt sech den Alex Bodry aus der Politik zeréck, fir sech dem Staatsrot ze widmen. Dem Staatsrot seng Missioun ass et ënnert anerem z'iwwerpréiwen, ob Virschléi a Propositiounen a Konformitéit mat der Konstitutioun sinn. En Donneschdeg hat den Alex Bodry seng lescht ëffentlech Sëtzung an der Chamber. Dobäi gouf hie fir seng Aarbecht vun de politesche Parteie gelueft.
An Zukunft wäert de Suessemer Deputé-maire Georges Engel de Poste vum Fraktiounspresident iwwerhuelen. Fir den Alex Bodry wäert d'Simone Asselborn-Bintz an d'Chamber noréckelen.