
Domadder sollen d’Aarbechte bis Enn des Jores gedeckt ginn. Konkret géif de Ministère sech, wéi et am Text steet, finanziell un der Organisatioun vu Renconteren tëscht Locatairë bedeelegen, eng Permanence vun engem oder méi Juristen 8 Stonnen d’Woch, Formatiounen an Informatiounsmaterial. De Mieterschutz, dee sech, wéi et den Numm scho seet, fir d’Rechter vun de Locatairen zu Lëtzebuerg asetzt, hat sech an der Vergaangenheet méi wéi eemol kritesch zu der Logementspolitik hei am Land, besonnesch am Bezuch op d’Locatairë geäussert.