Den Dr Stéphane Gidenne war eréischt zënter engem knappe Joer op deem Posten. Den Direkter an de Verwaltungsrot hätten déi Decisioun d’un commun accord geholl, heescht et an engem Communiqué. Den Interim maachen d’Finanzecheffin Safaâ Moujahid an den Operationellen Direkter Dr Thomas Dentzer. Den Dr Stéphane Gidenne war viru sengem Wiessel op Diddeleng 10 Joer Direkter vum private Laboratoire Ketterthill. No just engem Joer am Nationale Santéslaboratoire geet hien elo en neie professionelle Wee.
Den Dr Guy Berchem, zënter engem knappe Joer President vum LNS-Verwaltungsrot, betount am RTL-Interview nach emol, dass een am gudden ausernee geet: “An deenen zéng Méint, wou mer elo zesumme geschafft hunn, hu mer eigentlech eng gutt Relatioun gehat, mä si hunn och kee Sträit. Mä et ass awer ëmmer méi kloer ginn, dass hien net dofir gemaach wär, fir déi do Institutioun, déi jo och net ëmmer ganz einfach ass, ze leeden.”
“Keng einfach Institutioun”, deen Androck kritt een effektiv, wann ee sech déi sëllege Personalwiessel un der Spëtzt vum LNS virun Aen hält. Wann een d’Interimsdirektere matzielt, war de Stéphane Gidenne de véierten Direkter bannent dräi Joer.

Nodeems de Friedrich Mühlschlegel de Labo 2022 verlooss huet, gouf mam André Rosenthal eng Interimsléisung en place gesat. Déi huet awer scho méi laang gedauert wéi geplangt. Wou Ufank 2024 de Michel Toungouz Névessignsky als Direkter iwwerholl huet, war dee schonn no engem Mount erëm fort. Duerno hunn den Thomas Dentzer an d’Safaâ Moujahid den Interim gemaach. Et huet alt erëm ee Joer gedauert, bis en neien Direkter fonnt war: de Stéphane Gidenne, deen ëmmerhin 10 Méint bliwwen ass.
Dat deit op strukturell Problemer am LNS hin. Den LNS hat an de leschte Jore mat laangen Delaien, interne Streidereien an enger ganzer Serie un Demissiounen net just positiv op sech opmierksam gemaach. Et soll un engem klore Profil feelen. Den LNS soll esouwuel Fuerschung wéi och Diagnostik (also Analys fir Patienten) iwwerhuelen, schéint dee Spagat am Alldag awer net hinzekréien, wat bei ville Mataarbechter fir Frust suerge géif. Well eng kloer Strategie feelt, géif et och zu interne Reiwereien tëschent Departementer kommen. Den Dr Guy Berchem léisst déi Reprochen net gëllen. Him no ass den neie Wiessel net op d’Spannungen tëscht den verschiddenen Aufgabegebidder vum LNS, also der Fuerschung engersäits an der Diagnostik anerersäits zeréck ze féieren. Hie gëtt awer zou, dass d’Struktur vum LNS eng Erausfuerderung ass: “Ech mengen, et ass einfach eng schwéier Positioun. Et ass eng Positioun vun engem ganz heteroclitten Institut, dat vun der Sécurité alimentaire bis zur Genetik geet. Dat ass net einfach. Mä ech hunn awer wierklech, wierklech gutt Hoffnung, dass mer e gudde Remplaçant fannen, deen och méi zu Lëtzebuerg implizéiert ass a méi de Kontext kennt. Dat wäert ganz wichteg sinn, wa mer elo en neien Direkter sichen. Also ech menge schonn, dass mer eng gutt Chance hunn, fir dat erëm an d’Rei ze bréngen.”
Iwwer 400 Leit schaffe beim LNS, an déi hoffen op eng séier an nohalteg Léisung. Wéi mir bei eiser Recherche eraushéieren hunn, wënscht d’Personal sech kee weidere medezineschen Expert un hirer Spëtzt, mee e gudde Gestionnaire. De Verwaltungsrot schéint an eng änlech Richtung z’iwwerleeën. Den Dr Guy Berchem léisst sech am RTL-Interview net ze vill an d’Karte kucken, mä hien hätt awer schonn ee Plang. Eng Ufuerderung un de Successeur: hie soll de Lëtzebuerger Kontext besser kennen. Op jidder Fall soll d’Sich nom neien Direkter oder der neier Direktesch dës Kéier kee Joer laang daueren.