Wärend AusgangsspärLiwwerservice jo, Take Away ass awer net erlaabt

RTL Lëtzebuerg
Wärend der Ausgangsspär no 21 Auer kann een nach beliwwert ginn. Take Away, also Commandë siche goen, däerfe Clientë par konter net.

Dee Rappell mécht d’Regierung an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Et muss een also differenzéieren tëscht Liwwerservice an Take Away. Den Horesca-Secteur gouf vum Ministère an d’Bild gesat an huet senge Memberen d’Dispositioune matgedeelt.

Ee weidere Rappell gëtt et an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV, wat d’Gratuitéit vum Vaccin ugeet: d’Regierung confirméiert op en Neits, datt d’Vaccine géint de Covid gratis zur Verfügung gestallt ginn, onofhängeg dovunner, ob een eng Krankeversécherung huet oder net. De Vaccin ass also gratis, oder an anere Wieder: E gëtt mat Steiergelder finanzéiert.

QP an Äntert iwwert d'Gratuitéit vum Vaccin

Back to Top
CIM LOGO