Um 10 Auer op RTL Radio LëtzebuergLive-Interview mam Jean Asselborn iwwert d'Situatioun am Afghanistan

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Ausseminister äussert sech zu den Entwécklungen aus de leschte Stonnen a puncto Lëtzebuerger Residenten.

US-amerikanesch Zaldote sinn e Freideg den Owend mat Helikopteren aus dem Fluchhafen zu Kabul erausgeflunn, fir 169 Persounen eranzebréngen. D'Persoune wieren net wäit vum Terrain vum Fluchhafe gewiescht, sou e Spriecher vum Verdeedegungsministère, a wiere séier agesammelt an iwwert eng kuerz Distanz erabruecht ginn. D'USA géingen am Ablack d'Méiglechkeet iwwerpréiwen, méi US-Bierger an aner Persounen a Gefor eran ze begleeden.

Op esou eng Hëllef, fir bis bei hire Gate ze kommen, hoffen och 6 Lëtzebuerger Residenten, déi den Ament zu Kabul waarden, fir evakuéiert ze ginn. Stand e Freideg den Owend war et hinne wéinst de chaoteschen Zoustänn um a ronderëm de Fluchhafen nach net gelongen, bei hire Fliger ze kommen. D'Lëtzebuerger Autoritéiten hätte gesot, si sollte selwer probéieren, dohinner ze kommen, sot eis ee vun de Betraffenen um Telefon.

E Samschdeg de Moie mécht de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an engem Live-Interview am Journal op RTL Radio Lëtzebuerg de Point iwwert déi aktuell Situatioun vun de Lëtzebuerger Residenten am Afghanistan.  

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO