
De Grond sinn d'Pëtrolspräisser, déi erofgaange sinn: 2,8% de leschte Mount, an och d'Präisser fir Liewensmëttel. Bei de Pëtrolspräisser ass den Heizungsmasutt 13% méi bëlleg ginn, den Diesel 5,3%. De Bensin ass par Konter 2,7% méi deier ginn.
Am Verglach mat virun engem Joer kaschte Masutt a Bensin elo ee Véierels manner.
D'Präisser vun de Liewensmëttel sinn also och am Mee am Verglach mam Abrëll liicht erofgaangen, ëm 0,4%. Besonnesch Uebst a Geméis sinn e bësse méi bëlleg ginn.
Nieft dem Bensin si Männerkleeder, Handyfraisen, Blummen, Planzen an de Frae-Coiffeur méi deier ginn.