
Mëttelfristeg kann een net ausschléissen, datt et zu Enkpäss bei de Liwwerung vun Diesel a Kerosin komme kann, sou den Energieminister Lex Delles e Freideg op RTL-Nofro hin: “Mir gesinn, dass natierlech mat deene geziilten Attacken op Energie-Infrastrukture mer net méi kënnen ausschléissen, dass net laangfristeg oder mëttelfristeg Problemer, besonnesch beim Approvisionnement vun Diesel a Kerosin, op d’ganz Welt duerkommen. An natierlech ass och do Lëtzebuerg dann dovunner betraff. An et gesäit ee jo och schonn, dass besonnesch do beim Diesel op der Pompel de Präis ganz staark eropgeet. Mir hunn am Moment nach genuch Reserven. Mir ginn och nach als Europa beliwwert. Mee mëttelfristeg kann een net ausschléissen, dass et zu Enkpäss bei de Liwwerunge kéint kommen.”
D’Situatioun am Noen Oste wier ganz seriö, esou de Lex Delles nom Regierungsrot, wou d’Regierung zesummen de Point gemaach huet. Et wier fir d’éischt, datt geziilt d’Energieproduktioun attackéiert gi wier, vu béide Krichsparteien. Israel hat Mëtt der Woch dat iranescht Gasfeld South Pars ugegraff, dat gréissten op der Welt. Doropshin huet den Iran en Energie-Komplex am Qatar attackéiert.
Den Energieminister gesäit de Moment nach kee Probleem fir d’Endkonsumente bei Gas a Stroum, och wann d’Präisser um Weltmarché klammen. Dat wéinst der Akafsstrategie vun de Fournisseuren.
D’Regierung bereet sech dem Lex Delles no op den Impakt vun de steigende Präisser op den Index-Wuerekuerf vir. De Lex Delles sot: “Mir hunn am Koalitiounsaccord stoen, dass wann zwou Indextranchen no openee kommen, dass mer dann eng Tripartite wäerte maachen. Am Moment si mer dann net an där Situatioun. Déi lescht Berechnunge vum Statec, déi virleien, sinn déi, déi nach virum Krich an der Golfregioun waren. Dat heescht vum Februar déi nächst Previsioune sinn amgaange gerechent ze ginn. A wann dat antrëtt, da wäerte mer natierlech och do als Regierung déi néideg Schrëtt maachen. Mee ech mengen, dass et elo wichteg ass, eis ze preparéieren, wat mer als Ministèren alleguerten zesumme maachen, fir déi richteg Solutioune séier och kënnen ze implementéieren, wann dat néideg ass.”