Just 2 Stroumposte betraffLëtzebuerger Stroumreseau hat den Iwwerschwemmunge gutt Stand gehalen

RTL Lëtzebuerg
D'Stroumnetz hei am Land hat den Iwwerschwemmunge relativ gutt Stand gehalen. Just 2 Stroumposte waren ausgefall, een zu Eech an een zu Veianen.
Stroumreseau zu Lëtzebuerg wärend Iwwerschwemmungen
D’Stroumnetz hei am Land hat den Iwwerschwemmunge relativ gutt Stand gehalen. Just 2 Stroumposte waren ausgefall, een zu Eech an een zu Veianen.

Dat läit och dorunner, datt d'Creos präventiv eng Rei Reseaue vum Netz geholl hat, fir weidere Schued ze vermeiden.

Zu Veianen gouf ee schonn am fréie Moie vum 15. Juli iwwerrascht. D'Creos konnt de Posten net mat Zäite securiséieren. Dee war herno 1 Meter héich iwwerschwemmt an d'Kabelen sinn doropshi praktesch geschmolt. Dee Moment, wou d'Waasser kéim, géif et e Kuerzen, erkläert de Marc Meyer, Responsabele vu Creos. Do kéimen dann esouwuel de Schalter zu Veianen, fir den Traffo ze schützen, an och de Schalter am Posten zu Fléiber, fir d'Leitung ze schützen. Bei Héichwaasser géingen all d'Sécherheetsorganer an de Posten ofschalten.

Et kéint e Joer daueren, bis datt deen neie Poste steet. D'Creos rechent, deemno wouhinner déi nei Infrastruktur hikënnt, mat Käschte vu ronn 150.000€.

Idealerweis kéint ee se dohinner setze, wou keen Héichwaasser-Risiko ass. Do misst een awer eng Plaz fannen, wou fir d'éischt emol e Reseau ass fir unzebannen an eben en Emplacement, wou zur Verfügung steet. De Posten zu Eech misst net ersat ginn, well dee konnt een ëmgoen, esou nach de Marc Meyer. De Stroumreseau vun der Creos hätt bis op déi zwee Posten awer soss gutt duergehalen. De Problem léich elo éischter bei de Clienten. Dacks géingen d'Tableauen an de Residenzen net declenchéieren.

D'Tableaue géingen da schmëlzen a misste ganz ersat ginn. Dat géing Zäit huelen a wier d'Aarbecht vun den Elektriker. Creos géing si mat provisoreschem Stroum depanéiere bis d'Anlag nees ganz konform wier. Réischt da kéinte si de Client nees un d'Netz uschalten. Zu Iechternach konnt een iwwerdeems präventiv ofschalten éier d'Waasser koum, esou nach de Responsabele vun der Creos. Déi wieren dofir och relativ séier nees a Betrib gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO