Etüde vun der UniLëtzebuerger ëmmer méi individualistesch

RTL Lëtzebuerg
D’Lëtzebuerger sichen ëmmer méi hiren eegene kuerzfristege Komfort. Doduercher gëtt d’Politik, mä och d’Zesummeliewen ëmmer méi schwiereg.
© RTL-Archiv

Lëtzebuerg ass aktuell eng Gesellschaft vum ekonomeschen Iwwerfloss. U sech eng gutt Saach, ausser datt dowéinst d’Leit ëmmer méi just no sech selwer kucken.

Dat ass graff resuméiert eng Konklusioun, déi een aus 3 Etüde kann zéien, déi den Unisprofesser Philippe Poirier um Freideg der Chamber presentéiert huet. Am RTL-Interview erkläert de Philippe Poirier, datt dës „nei Ausriichtung vun de Wäerter“ an der Gesellschaft eng Erklärung ass fir d‘Verloschter vun der CSV an d’Victoire vun der DP an déi Gréng bei de leschte Chamber- an Europawalen.

Bei enger Rei Biergerfore gouf festgestallt, datt dee gréissten Deel vun de Lëtzebuerger materialistesch wier an d’Politik hinnen eigentlech zimmlech egal wier. Par konter géing d’Majoritéit vun de Leit der Kultur vum Ecran a vum Moment verfalen, an anere Wierder um Handy an um Computer pechen.

Donieft geet aus de Gespréicher ervir, datt d’Lëtzebuerger wirtschaftsliberal a protektionistesch wieren, mä awer och ekologesch konservativ. D’Wieler géingen de kuerzfristege Komfort an d’Liewensqualitéit sichen, mä hätten dacks näischt fir eng sozial Ekologie iwwreg. Mat där Astellung géinge sech d’Wieler am meeschte bei de Liberalen a bei deene Grénge rëmfannen, sou de Philippe Poirier.

Dem Unisprofesser no wier déi verstäerkten Individualiséierung e Problem fir d’Politik, mä awer och fir d’Gewerkschaften, d’Veräiner, d’Kierch oder nach d’organiséiert philosophesch Beweegungen. Fir d’Politik géing et ëmmer méi schwiereg ginn, Mesuren am allgemengen Interessi ze huelen, wann d’Interessien ëmmer méi individuell ginn.

All eenzele Lëtzebuerger misst sech eigentlech froen, wouhinner Lëtzebuerg déi nächst 20 Joer soll histeieren, sou nach de Philippe Poirier. Wat kaum wäert de Fall sinn, well de Wirtschaftswuesstem et verhënneren géing, d’Zukunft auszedenken.

« C’est quand même curieux », schléisst de Professer of.

Back to Top
CIM LOGO