"Mir sinn duerch déi nei Variante vum Virus mat enger neier Situatioun confrontéiert", dat seet de Professer Dr. Paul Wilmes, Spriecher vun der Covid-19-Task-Force am Kontext vun hirem neie Woche Rapport. Hire Projektiounen no rutsche mer an eng nei Well eran.
An déi hätt hire Pic der Task-Force no am Mee a wier vum Ausmooss no mat der Well am November ze vergläichen. Z'erkläre wier, datt duerch déi nei Varianten, déi méi ustiechend sinn an déi deem ganzen eng nei Dimensioun ginn, seet de Paul Wilmes. Bis Enn Januar hätt ee relativ vill Fäll vun der brittescher Variant zu Lëtzebuerg gehat: "An et muss een dovun ausgoen, datt déi am Gaang ass, sech weider auszebreeden. Am Bezuch op d'Projektioune wiere mer dann an enger Situatioun vun engem Klamme vun den deegleche Fallzuelen."
D'Fuesvakanz an och déi Woch Homeschooling do virdrun hätten dem Paul Wilmes no kee groussen Impakt op d'Zuele gehat: "Well mer gesi jo, datt mer relativ stabil weidergelaf sinn. Mir mussen dovun ausgoen, datt, wa mer elo méi sozial Interaktiounen an de leschte Woche wäerte stattfannen, et vum Plateau, op dee mer de Moment sinn, erëm zouhëlt."
Am Ëmgang mat de Mutatioune missten der Task-Force no zousätzlech Mesuren en Place gesat ginn, fir d'Ausbreedung anzedämmen. Et misst een awer fort komme vun engem haarde Lockdown a konsequent léieren, mam Virus ze liewen: "An do ass et sou, datt vill méi detailléiert Analysen noutwendeg sinn. An do gehéieren och d'Masken an de Schoulen, mee och eenzelen anere Secteuren dobäi."
Mat der brittescher Variant hätt ee souzesoen en neie Virus, mat deem ee misst ëmgoen, seet de Paul Wilmes. Och wann schonn en Deel vun de vulnerabele Leit geimpft wieren, géif dat net onbedéngt heeschen datt d'Zuele falen.
Wann d'Neiinfektioune da géinge klammen, géinge sech och méi jonk Leit ustiechen, an da kéint et och zu méi schwéiere Verleef an der jonker Populatioun kommen.