Vun der EU-KommissiounLëtzebuerg kritt 420.000 Impfstoff-Dosen, wann dëse bis disponibel ass

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d’Santésministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Pirat Sven Clement iwwert d'Quantitéit vun Impfunge géint de Coronavirus.

Bis ewell hätt d’EU-Kommissioun en Accord d’achat anticipé mat engem Multi-nationale Pharma-Betrib ënnerschriwwen, fir d’Bereedstelle vun 300 Milliounen Impfstoff-Dosen. Fir de Grand-Duché wär automatesch e prorata vun 0,14% vun der globaler Commande virgesinn, also 420.000 Unitéiten.

Wann néideg, kéint een och ëmmer nach zousätzlech Dosen iwwert d’EU-Kommissioun bestellen, präziséiert d’Ministesch.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Sven Clement

Back to Top
CIM LOGO